Generalversammlung vun der Fanare Gouschteng-Beyren

Viru kuerzem huet d’Fanfare Gouschteng-Beyren hir Generalversammlung am Centre Culturel zu Gouschteng ofgehalen fir op d’Joer 2019 zréckzekucken.

De President Alain Thill huet am Numm vum Comité all Invitéen, besonnesch de Schäffen Erni Apel, esouwéi Vertrieder vum Gemengerot vun der Gemeng Fluessweiler, den Éierepresident Jemp Arend, esou wéi de Vertrieder vun der UGDA, den Här Romain Ries begréisst.

D’Sekretärin Martine Duchscher huet wéi ëmmer en detailléierten Réckbléck op d’Aktivitéiten vun 2019 an och schonn en Ausbléck op 2020 ginn.

De Galaconcert stoung ënnert dem Motto “Eng musikalesch Zäitrees”, d’Entwécklung vun de verschiddene Museksstiler duerch d’Zäit.

E flotte Moment am Juli war de Konveniat “Souvenirs, Souvenirs” mat alle Leit déi jee eng Kéier an der Gouschtenger Musek waren. Vill schéi Erënnerungen sinn deen Daag erëm opgefrëscht ginn.

Am Juli war d’Musek och um Ofschlossfest vun der Primärschoul zu Dräibuer präsent an huet verschidden Aktivitéiten a Workshops ugebueden fir d’Kanner fir d’Musek ze interesséieren.

Och déi méi kulinaresch Aktivitéite waren natierlech um Rendezvous: d’Wëld-, Kachkéis- a Mullenowender an de Fuesbal “Pupes Mupes”. E festen Treff bleift all Freides de Rendezvous am “Café bei den Tutebattien.” De Café, deen d’Musek selwer bedreift ass all Freides ab 17:00 Auer en Treffpunkt, den aus dem lokale Liewe vu Gouschteng nët méi ewech ze denken ass. Sou war fir d’éischte Kéier e Concert vun der bekannter lëtzebuerger Grupp “The Tame and the Wild” organiséiert ginn. Mee virun allem konnt d’Musek am Januar stolz déi dausendste Kéier datt de Café op war feieren.

D’Caissière Edmée Rauen huet de Bilan gemaach an déi ganz gesond finanziell Situatioun presentéiert. De Josy Sadler huet am Numm vun den Keeserevisoren confirméiert, dass d’Keess och dës Kéier ganz gewëssenhaft a korrekt gefouert ginn ass, wourop d’Versammlung dem Comité Décharge ginn huet.

Den Dirigent Didier Wein huet Merci gesot fir déi gutt Zesummenaarbecht a konnt och dem Marc Kruchten félicitéieren, deen déi meeschte Prouwebesich opweises hat. Hie krut e klengt Geschenk. Als Merci un all Schüler déi nach fläisseg an d’Musekscoursen ginn, goufe Kinosticketen ausgedeelt.

Am Numm vun der UGDA huet de Romain Ries eng Insigne fir 5 Joer un de President Alain Thill an d’“Médaille de mérite en Argent” fir 20 Joer un d’Noémie Sadler iwwerreecht.

E besonnesche Moment war d’Iwerreechung vun der “Médaille en vermeil Grand-Duc Adolphe avec Palmette” un den Ivo Reinert dee scho säit 70 Joer treie Member vun der Fanfare Gouschteng-Beyren ass an deen Owend déi eng oder aner Anekdote zum Beschten ginn huet.

De Schäffen Erni Apel huet am Numm vun der Fluessweiler Gemeng versprach datt de Schäfferot och weiderhin ëmmer en oppent Ouer fir d’Uleiessen vun der Musek huet.

De neie Comité setzt sech zesummen aus: Alain Thill (President), Kim Mühlen (Vize-Presidentin), Martine Duchscher (Sekretärin), Edmée Rauen (Caissière), Annick Beckius, Cedric Arend, Mireille Mathieu, Christiane Schmit, Netty Tondt.