Galaconcert vun der Fanfare Gouschteng-Beyren ënnert dem Motto “Schlagermove”

Ennert dem Motto “Schlagermove” huet d’Fanfare Gouschteng-Beyren viru Kuerzem mat hirem alljährleche Galaconcert och dëst Joer erem de Publikum begeeschtert. Den Dirigent Didier Wein hat wéi ëmmer e flotte Programm zesummegestallt, mat Lidder vu Peter Maffay, Udo Jügens, Claude François, Vicky Leandros, a villen aneren. Viru vollem Sall huet de President Alain Thill duerch den Owend moderéiert an spéitstens beim leschten Lidd vum Marianne Rosenberg konnt de ganzen Publikum dann och lautstark matsangen.