GENERALVERSAMMLUNG FANFARE GOUSCHTENG-BEYREN

Gouschteng – Viru kuerzem huet d’Fanfare Gouschteng – Beyren hir Generalversammlung am Centre Culturel zu Gouschteng ofgehalen fir op d’Joer 2018 zréckzekucken.

De President Alain Thill huet am Numm vum Comité all Invitéen, a besonnesch den Buergermeeschter Roger Barthelmy an d’Vertrieder vum Schäffen an Gemengerot vun der Gemeng Fluessweiler, den Éierepresident Lucien Mathieu, esou wéi d’Vertriederin vun der UGDA, d’Madame Monique Zeimet-Schroeder begréisst. Hien konnt och hervirsträichen datt d’Gouschtenger Musek vun 2018 un online ass um Internetsite www.gouschtengermusek.lu.

D’Sekretärin Martine Duchscher huet wéi ëmmer en detailléierten Réckbléck op d’Aktivitéiten vun 2018 ginn. Do ass speziell d’Rees am Summer zesummen mat der Musek vu Greiveldeng, erausgestach. Et war déi éischte Kéier datt déi 2 Museken zesummen op Dreischor an Holland gefuer sinn fir 2 Concerten ze spillen an d’hollänesch Wäikinnegin Barbara Deurloo-Wolff ze kréinen.

Aner Concerten waren e groussen gemeinsamen Concert mat de Museken vun Simmer a Schuller am Cadre vun den 125 Joer Feierlechkeeten vun der Fanfare Simmer ënnert der Leedung vum Didier Wein an e Concert am Cadre vun den 100 Joer Feierlechkeeten vun der Lënster Musek.

Den Galaconcert stoung ënnert dem Motto “Best of 70+1”, engem “Best of“ vun der Gouschtenger Musek zënter hirer Grënnung. Deen nächsten Galaconcert ass och schon geplangt: den 18. Mee geet d’Gouschtenger Musek op eng musikalesch Zäitrees.

Och déi méi kulinaresch Aktivitéite waren natierlech um Rendez-vous: den éisträicheschen Dag, de Wëld-, Kachkéis- a Mullenowend an de Fuesbal Pupes Mupes. Och den mëttlerweil traditionnellen Optrëtt vun der Band „The Strawberries“ am Freidescafé “Bei den Tutebattien” hat nees vill Succès. De Café deen d’Musek selwer bedreift ass all Freides ab 17:00 Auer en Treffpunkt den aus dem lokale Liewen vu Gouschteng nët méi ewech ze denken ass.

D’Caissière Edmée Rauen huet de Bilan gemaach an déi ganz gesond finanziell Situatioun presentéiert. De Josy Sadler huet am Numm vun den Keesserevisoren confirméiert, dass d’Keess och dës Kéier ganz gewëssenhaft a korrekt gefouert ginn ass, wourop d’Versammlung dem Comité Décharge ginn huet.

Den Dirigent Didier Wein huet Merci gesot fir déi gutt Zesummenaarbecht an konnt och dem Marc Kruchten félicitéieren dee vun 39 Prouwen 38 mol do war. Hien krut e klengt Geschenk. Als Merci un all Schüler déi nach an d’Musekscoursen ginn goufen Kinosticketen ausgedeelt.

De Buergermeeschter Roger Barthelmy huet am Numm vun der Fluessweiler Gemeng versprach datt den Schäfferot och weiderhin ëmmer en oppen Ouer fir d’Doléancen vun der Musek huet.

Am Numm vun der UGDA huet d’Madame Zeimet-Schroeder dunn eng Médaille fir 10 Joer un d’Lisa-Lee Arend iwwerreecht. D’Annick Beckius an d’Mireille Mathieu kruten eng Médaille fir 40 Joer, den Lucien Mathieu krut d’Médaille fir 50 Joer an den Jos Schneider krut esou eng Médaille fir 60 Joer .

Den Gilbert Beckius an den Adrien Mühlen hun hir Kandidatur fir de Comité nët méi gestallt; sie kruten Merci gesot fir hir langjähreg Arbecht. An hir Platz sinn d’Kim Mühlen an den Cédric Arend gewiehlt ginn.

De neie Comité setzt sech zesummen aus: Alain Thill (President), Kim Mühlen (Vize-Presidentin), Martine Duchscher (Sekretärin), Edmée Rauen (Caissière), Annick Beckius, Cédric Arend, Mireille Mathieu, Christiane Schmit, Netty Tondt.