Galaconcert vun der Fanfare Gouschteng-Beyren ënnert dem Motto “From Zeros to Heroes” an Weltpremière vun #Mord

Viru kuerzem huet d’Fanfare Gouschteng-Beyren mat hirem alljährleche Galaconcert, dëst Joer ënnert dem Motto “From Zeros to Heroes”, hiert Publikum an d’Welt vum Film entfouert. Den Dirigent Didier Wein hat wéi ëmmer e flotte Programm zesummegestallt, mat Klassiker wéi The Magnificent Seven, Indiana Jones, Jurassic Park, Star Trek, Out of Africa, Robin Hood, Back to the Future, Forrest Gump an Dances with Wolves. Als besonneschen Highlight gouf de Film #Mord” gewisen, e Krimi, fir deen d’Musikanten e komplett Dréibuch geschriwwen haten an ënnert de Regie vum Raoul Roos Jr. selwer matgespillt hunn. Viru vollem Sall huet de President Alain Thill duerch den Owend moderéiert an de Publikum huet mat sengem Applaus bewisen datt et voll op seng Käschte komm ass.
a.b.