GENERALVERSAMMLUNG FANFARE GOUSCHTENG-BEYREN

Viru kuerzem huet d’Fanfare Gouschteng – Beyren hir Generalversammlung am Centre Culturel zu Gouschteng ofgehalen fir op d’Joer 2016 zeréckzekucken.
Den President Alain Thill huet am Numm vum Comité all Invitéen, a besonnesch de Buergermeeschter Theo Weirch an d’Vertrieder vum Schäffen an Gemengerot vun der Gemeng Fluessweiler, den Éierepresident Lucien Mathieu, esou wéi den Vizepresident vun der UGDA, den Gilbert Girsch begréisst.
No enger Gedenkminutt fir den Éierepresident Jup Kalmes deen 2016 vill ze fréi verstuerwen ass huet de President alle Leit Merci gesot fir déi vill Aarbecht déi am leschte Joer geleescht gouf.
D’Sekretärin Martine Duchscher huet en detailléierten Réckbléck op d’Aktivitéiten vun 2016 gemaach : mat speziell dem Galaconcert “From Zeros to Heroes“. Bei dëser Geleeënheet hat d’Musek och selwer e Film gedréit mam Titel „# Mord“ dee beim Ulass vum Galaconcert uropgefouert ginn ass. Acteure waren d’Musikanten, si hunn och d‘Dréibuch geschriwwen a Regie huet den Raoul Roos gefouert.
Am Juli huet de Veräin zesummen en Ausfluch op Hamburg gemaach.
Méi kulinaresch Aktivitéiten waren den Mexikaneschen Dag, de Wëld-, Kachkéis-, Fësch- a Mullenowend an de Fuesbal Pupes Mupes. Och den Optrëtt vun der Band „The Strawberries“ am Freidescafé “Bei den Tutebattien” hat vill Succès. De Café deen d’Musek all Freideg selwer bedreift ass och nach ëmmer all Freides ab 17.00 Auer „the place to be“ zu Gouschteng.
Fir 2017 stinn och schonn eng Rei Saachen un an zwar: déi 1. Oplo vum éisterräicheschen Dag den 19. Mäerz mat ville kulinareschen a kulturelle Spezialitéiten. D‘Greiweldenger Musek wäert dann och deen Dag e Concert-Apéro spillen. Karfreideg gëtt et erëm Fëschgratin an de Galaconcert den 20. Mee steet dëst Joer ënnert dem Motto “Schlagermove“.
D’Caissière Edmée Rauen huet de Bilan gemaach an déi finanziell Situatioun presentéiert.
Den Dirigent Didier Wein huet Merci gesot fir déi gutt Zesummenaarbecht an konnt och dem Marc Kruchten félicitéieren dee vun 38 Prouwen 37 mol do war. Hie krut en klengt Geschenk. Als Merci un all Schüler déi nach an d’Musekscoursen ginn goufen Kinosticketen ausgedeelt.
Och de Buergermeeschter Theo Weirich huet am Numm vun der Gemeng déi gutt Zesummenaarbecht mat der Musek gelueft.
Am Numm vun der UGDA huet den Gilbert Girsch dunn d’Insigne fir 5 Joer un den Cédric Arend iwwerreecht.
De Comité setzt sech zesummen aus: Alain Thill (President), Gilbert Beckius (Vize-President), Martine Duchscher (Sekretärin), Edmée Rauen (Caissière), Annick Beckius, Mireille Mathieu, Adrien Mühlen, Christiane Schmit, Netty Tondt.