GENERALVERSAMMLUNG FANFARE GOUSCHTENG-BEYREN

Viru kuerzem huet d’ Fanfare Gouschteng-Beyren hir Generalversammlung am Centre Culturel zu Gouschteng ofgehalen fir op d’ Joer 2015 zeréckzekucken.
De President Alain Thill huet am Numm vum Comité d’Invitéen, besonnesch d’Vertrieder vun der Gemeng Fluessweiler esou wéi de Vertrieder vun der UGDA, de Romain Ries begréisst. Hien huet alle Leit Merci gesot fir déi vill Aarbecht déi se am leschte Joer geleescht hunn, an der Gemeng Merci fir hir Ënnerstëtzung.
D’Sekretärin Netty Tondt huet wéi ëmmer en detailléierten Réckbléck op d’Aktivitéite vum vergaangene Joer gemaach: wéi all Joer huet och 2015 de Galaconcert eraus gestach. Ënnert dem Thema “50 Shades of 70’s” huet d’ Fanfare all Facette vun der Musek aus de 70er Joeren gewisen. Donieft sinn nach aner Concerten, wéi de Wanterconcert “Magic Christmas” an der Kierch, e Concert zur Éier vun de Mammen, um Gréin zu Réimech oder am Institut St Joseph zu Betzder gespillt ginn.
Méi kulinaresch Aktivitéiten waren den Mexikaneschen Dag, de Fëschgratin fir Karfreideg, de Wëld -, Kachkéis -, Mullenowend an de Fuesbal Pupes Mupes. Den 2. Optrëtt vun der Band Tenergy am Freidescafé “Bei den Tutebattien” huet fir e flotten Owend gesuergt. A propos Café: den Highlight war natierlech de 15. Gebuertsdag, deen d’Musek de 4. Dezember gefeiert huet a wou de ganzen Owend Fräibéier gefloss ass.
Fir 2016 stinn och schonn eng Rei Aktivitéiten un: de Mexikaneschen Dag den 13. Mäerz, de Karfreideg de 25. Mäerz a virun allem de Galaconcert ënnert dem Motto “Hollywoodfilmer” de 4. Juni.
D’ Caissière Edmée Rauen huet de Bilan gemaach an déi gesond finanziell Situatioun presentéiert. De Keessereviseur Josy Sadler huet duerno d’Décharge proposéiert.
Am Numm vum Dirigent Didier Wein, deen net konnt do sinn, huet de President alle Leit a besonnesch dem Comité Merci gesot fir hiert Vertrauen. Musikanten déi Loscht hunn an d’ Musek ze kommen sinn ëmmer wëllkomm; all Nowuess gëtt gebraucht. Als Usporn krut all Schüler dee nach an d’ Musekscoursen geet, Kinosticketen ausgedeelt.
D’Nicole Schmit, dat iwwer 10 Joer fir den Archivage verantwortlech war an elo ophält, krut e passend Geschenk. D’ Edmée Rauen an de Marc Kruchten kruten Merci gesot, well si am meeschten an de Prouwe waren.
Am Numm vun der UGDA huet de Romain Ries dunn d’Medaille de bronze fir 10 Joer un d’ Laura Rauen iwwerreecht.
De Romain Ries huet déi grouss Frëndschaft a Kollegialitéit ënnert de Memberen betount. Doduerch geet déi ganz Aarbecht wéi Zännrieder vun engem Auerwierk aneneen.
De Buergermeeschter Theo Weirich huet betount, houfreg op d’Musek ze sinn, eng Musek déi ëmmer do ass wann d’Gemeng sie rifft.
Zum Schluss krut d’Emilie Lallemang dat net méi fir de Comité kandidéiert Merci gesot fir seng vill Aarbecht. Hatt gouf am Comité duerch d’Martine Duchscher ersat.
De neien Comité setzt sech zesummen aus: Annick Beckius, Gilbert Beckius, Martine Duchscher, Mireille Mathieu, Adrien Mühlen, Edmée Rauen, Christiane Schmit, Alain Thill, Netty Tondt.