Generalversammlung vun der Gouschtenger Musek

Gouschteng – Viru kuerzem huet d’Fanfare Gouschteng – Beyren hir Generalversammlung am Centre Culturel zu Gouschteng ofgehalen fir op d’Joer 2014 zeréckzekucken.
Den neien President Alain Thill huet am Numm vum Comité d’Invitéen, a besonnesch d’Vertrieder vun der Gemeng Fluessweiler esou wéi den Nationalpresident vun der UGDA, den Louis Karmeyer begréisst.
No enger Gedenkminutt fir den laangjäregen Musikant Jang Wintersdorff deen 2014 verstuerwen ass huet de President alle Leit Merci gesot fir déi vill Aarbecht déi am leschte Joer geleescht gouf.
D’Sekretärin Netty Tondt huet en detailléierten Réckbléck op d’Aktivitéiten vum vergaangene Joer gemaach : den Highlight vun der Saison war wéi all Joer den Galaconcert deen dës Kéier ënnert dem Motto “Nouten op Weltrees” stoung mee awer och den Wanterconcert “Magic Christmas” an der Kierch. Eng Rei aner Concerten wéi deen anlässlech vu Mammendaag oder zu Hellange an zu Schëtter sinn och nach gespillt ginn.
Méi kulinaresch Aktivitéiten waren eng éischte Kéier en Mexikaneschen Dag, de Wëld -, Kachkéis -, Fësch – a Mullenowend an de Fuesbal Pupes Mupes. Och den Optrëtt vun der Band Tenergy am Freidescafé “Bei den Tutebattien” hat fir gutt Stëmmung gesuergt. De Café deen d’Musek all Freideg selwer bedreift ass och am Laf vum Summer vun de Musikanten komplett renovéiert ginn. Am Oktober huet de Veräin zesummen en Ausfluch op Roum gemaach.
Fir 2015 stinn och schonn eng Rei Saachen un an zwar: eng 2. Oplo vum Mexikaneschen Dag den 15. Mäerz an de Karfreideg “revisited” mat dës Kéier engem Fëschgratin mee virun allem de Galaconcert mam Motto “70er Joren-Musek” den 23. Mee.
D’Caissière Edmée Rauen huet dunn de Bilan gemaach an déi finanziell Situatioun presentéiert.
Den Dirigent Didier Wein huet Merci gesot fir déi gutt Zesummenaarbecht an nach emol un all d’Musikanten appeléiert fir och an der Zukunft esou vill wéi méiglech an de Prouwen präsent ze sinn. Als Usporn un all Schüler déi nach an d’Musekscoursen ginn goufen Kinosticketen ausgedeelt.
De Vertrieder vun der UGDA Louis Karmeyer huet d’Félicitatiounen vum Comité Central iwwerbruecht an de Veräin en « Ambassadeur vun der Kultur » genannt.
De Buergermeeschter Theo Weyrich huet déi gutt – bal semi-professionnel - Aarbecht vun der Musek betount. Hien huet besonnesch ernimmt datt ouni Formatioun (Musekscoursen) keng Musek méi kann gemaach ginn an datt de Veräin och an Zukunft an deem Beräich finanziell op d’Gemeng zielen kann.
Am Numm vun der UGDA huet den Louis Karmeyer dunn Medaillen iwwerreecht un d’Martine Beck an d’Lynn Kraus (alle béid 5 Joer), un de Luc Rollinger (30 Joer) an un d’Edmée Rauen an d’Netty Tondt (alle béid 40 Joer).
De Comité setzt sech zesummen aus: Alain Thill (President), Gilbert Beckius, (Vice-President), Netty Tondt (Sekretärin), Edmée Rauen (Caissière), Annick Beckius, Emilie Lallemang, Mireille Mathieu, Adrien Mühlen, Christiane Schmit.