Kierchtuermspromenaden 12 - Helmsen: Vu Geeschterhäisercher a Raschpëtzer

Helsem, Helmsange läit rechts vun der Uelzecht a genee vis-à vis vu Bäreldeng. Et huet 2009 am Oktober 2154 Awunner gezielt (an 1848 grad emol 395). Frënn vum Rugby hunn hei en Terrain an der rue de l’Alzette. D’Duerfchronik ernimmt 1824 de Bau vun der Staatsstrooss Lëtzebuerg-Dikrech, 1843 d’Grënnung vun der Por Walfer mat Bäreldeng an Helsem - an 1850 déi vun der autonomer Gemeng Walfer… A sengem Quartier Sonnebierg stoung bis an d’4. Jorhonnert eng réimesch Villa rustica, gebaut ëm 30 viru Chr. Et gëtt supposéiert, dass den ënnerierdesche Waassersammel-system vun de Raschpëtzer si an aner Ville mat Waasser versuergt huet.

D’Raschpëtzer entstoungen am 2. Jh. tëscht Sandsteen a Miergelschichten op Pëtschent um Plateau am Bësch. Dat déifste vun de véier sougenannte ‘Wichtelcheslächer’ ass 37 Meter gemooss ginn. Géing een dra falen, kéim en dem Nikela Gonner no net wäit vun der fréirer Steeseler Millen eraus! 1320 war d‘ „mairie de Steinzele“ ernimmt mat hirer Gidder zu ‘Helmsingen‘, Luerenzweiler an Eselbuer.

Zum nationale Kulturdenkmal gouf 1966 eise 4500 ha grousse Gréngewald mat ënner anerem de Ruine vum ‘Geeschterhäischen’. Dëst läit a Loftlinne ëstlech vun Helsem an Heeschdref. ‘t ass net gespenstesch, hei war säit ëm 1890 d’Juegdhaus vum Grand-Duc Adolf. Mä zeréck zum Sonnebierg am 290 m héije kallekhaltegen Hank vun Helsem; 15 Ha vu senger Hallefdréchewiss sti säit 20 Joer (1989) wéins hirer rarer Fauna a Flora ënner Naturschutz. Dee sonnegen Hank a süd-westlecher Lag ass duerch e 16 km laangt Galeriesnetz vu fréiere Gipsgrouwen ënnerhielegt, déi net an der ‘mémoire collective’ vergiess sinn. - Säit 2007 ass de ‘Geierbierg’ zu Helsem ëm eng Aussiichtsplattform mat superbem Panoramabléck a Grillplaz méi räich. A 4 Joer virdru krut d’Gemeng der UNI hire Walfer Campus! Ewell ier d’Uni hei war hat eng Philosophie Studentin vun der Kölner Universitéit, d’Hannelore Rose, d’Villa um Sonnebierg zu Helsem am Thema vun hirer Dokter Aarbecht!

Dës dréit ëm hir baulech Dimensioun vun ëmmerhin 100 op 50 m, hir Säilegäng an hire palastaartege Stil am Genre vun där Iechternacher Villa. An si reit se wéinst räichen Trouvaillen… z.B. zwee ënnerschiddleche Maskefragmenter aus Terrakotta.. an d’Grupp vun de réimesche Pronkvillen am westlechen Treverergebitt. D’Vîlla sollt an de spéide Jore vum 3. Jorhonnert nidder brennen, an am 7. Johrh. ass op hirer Plaz eng fränkesch Siidlung beluecht.

Den ongekierzten Artikel fannt Dir hei:
http://www.tessyglodt.lu/page/helmsange.html

Fotos: Archiv LW (Luc Ewen, Marc Wilwert, Paul Hinger, Teddy Jaans, Tessy Hansen)