2026 - 80 Joer Hueschterter Fussball

Vum klengen Duerf- zu engem vun de beschte Fussball-Veräiner landeswäit.Gegrënnt Ufangs des Joers 1946 huet de Veräin aus dem Gréngewald bal 60 Joer laang an den ënneschten Divisioune gespillt. Mat dem Bau vun enger moderner Infrastruktur am Joer 2004 ( Buvette/Tribünen a Vestiairen, 2. syntheeteschen Terrain ) koum dunn den Opschwong. Opstig an d'Éierepromotioun ( 2004 ) an duerno an d'BGL-LIGUE  ( 2011 ). Am Joer 2018 ware mer esou guer Finalist vun der Coupe de Luxembourg. Dëst Joer spillen déi Gréng elo schonns zum 10. mol um héchsten Niveau vum Lëtzebuerger Fussball.An der Gemeng Nidderaanwen ass de Fussballclub de gréisste Veräin. Méi ewéi 250 foussballbegéschtert Jonker ginn Dag-an / Dag-aus vun enger engagéierter Jugendkommissioun a 16 Traineren encadréiert. De Fussball spillt am dagdeegleche Liewen eng grouss a wichteg Roll. Respekt, Disziplin an Equippegeescht droen derzou bei d'Zesummeliewe vun onser multikultureller Gesellschaft méi einfach ze maachen.Fir dëst aussergewéinlecht Joer anstänneg ze feieren ass en Organisatiounscomité zesummegestallt ginn den niewent dem Präsident Jean-Paul Hoffmann aus 11 Leit besteet, Sandra Alves Roussado, Mich Rupp, Jean-Paul Hoffmann, Conny van der Zande, Marc Konsbruck, Steve Schons, Luc Schmit, Gast Schon, Jacques Wolter, Metty Cungs, Roland Brimaire. 

D'Festivitéite fänken u mat der Gebuertsdagsfeier de 16. Abrëll, gi weider mat engem gemitterlechen Nomëtteg ënnert eemolege Spiller ( mëlle kann een sech ënnert jph0310@pt.lu resp. 661348163 ) den 9. Mee an engem Concert am CIPA Nidderaanwen am Juni.

Duerno, wann dann déi nei Infrastrukturen ( ClubHouse mat Buvette a Vestiaire resp. dem neie syntheeteschen 1. Terrain ) Enn des Summer fäerdeg sinn, fänkt de sportlechen Deel vun de Feierlechkeeten un. Mat engem Trail am Gréngewald hält dann d'Gebuertsdagsjoer op.