FC Hueschtert - 80 Joer-Feier

De 16. Abrëll 2026 huet den Hueschterter Fussball mat enger akademescher Sitzung säin 80. Gebuertsdag am Centre polyvalent " A Schommesch " gefeiert. A Präsenz vun der Ministesch fir de Sport, der Madame Martine Hansen, dem Präsident vun der FLF, dem Här Paul Philipp, de Vertrieder vun der Gemeng Nidderaanwen, de Veräiner, Supporteren a Sponsore gouf de Wee vum Hueschterter Fussball vum klengen Duerfveräi bis zum haitegen BGL-Ligue-Vertrieder gewierdegt. Fir den FC Hueschtert hunn de Präsident vum Organisatiounscomité den Här Jean-Paul Hoffmann an de Präsident vum Verwaltungsrot den Här Jacques Wolter besonnesch dee ville Benevollen déi iwwert déi Joerzéngten de Veräin an der grousser Lëtzebuerger Fussballfamill ëmmer wierdeg vertrueden hunn e grousse Merci gesot.

De Veräin ass och weider aktiv um Gemengeliewe bedeelegt an an dem Sënn sinn och an nächster Zeit aner Organisatiounen am Kader vum 80. Gebuertsdag virgesinn. Hei sollen erwäänt ginn

-    Journée des anciens

-    Concert mat lëtzebuerger Lidder fir d'Awunner vum CIPA Gréngewald

-    Public Viewing ( zesumme mam BBC Gréngewald ) vun der Endphase vun der Fussball-WM ( 14. a 15. Juli - Halleffinalle resp. 19. Juli - Finall ) am grousse Festzelt


Jean-Paul Hoffmann