Den 23. Mäerz war zu Ueweraanwen am "A Schommesch" d'Generalversammlung vun der CSV Nidderaanwen. Nodeems de President Alex Koob Memberen an d'Éieregäscht am gutt gefëllte Sall begréisst hat, huet d'Sektiounssekretärin Véronique Peffer-Kieffer den administrativen Aktivitéitsbericht virgedroen. Duerno war et um Tresorier Metty Cungs e positive finanzielle Bilan opzeweisen. Déi eenzel Berichter goufe vun der Generalversammlung gutt geheescht. Du war et um Buergermeeschter Fréd Ternes vun engem, elo schonns, positive politeschen Tëschebilan ze berichten. Dass schonns ganz vill vun dem wat ugekënnegt gi war, entweder an der Ëmsetzung oder Ausaarbecht ass. Hien huet allen e grousse Merci ausgesprach, déi an iergendenger Form dorunner bedeelegt waren a sinn. Am Kader vun der Generalversammlung sinn dunn och di laangjäreg (25/30/50/65 Joer) Membere geéiert ginn. Als Gaaschtriedner huet de Finanzminister Gilles Roth interessant Informatiounen zur Steierreform ginn. Zum Schluss war et um Bezierkspresident Maurice Bauer der Sektioun Nidderaanwen e grousse Merci auszeschwätze fir hiert Engagement. Net nëmmen an der Gemeng mee och am Bezierk sou wéi och national, wou Membere vun Nidderaanwen an deene verschiddene Gremien aktiv eng Hand mat upaken. Den Owend ass dunn an enger geselleger Ronn ausklénge gelooss ginn.