80 Joer FC USH - Concert an der Residenz Gréngewald

Kierzlech huet d'Chorale Ste Cécile vun Hueschtert am Kader vun de Feierlechkeeten zum 80. Gebuertsdag vum Hueschterter Fussball den Awunner vun der Residenz Gréngewald e flotte Concert mat Lëtzebuerger Lidder offréiert. Den Dirigent, den Här Laurent Karels, mat senger Dréiuergel huet déi sëlleg Nolauschterer mat bekannte Lëtzebuerger Melodie begeeschtert.

Duerno huet den Här Direkter Patrick Reding dem Hueschterter Fussballveräin e grousse Merci gesot an d' Sänger op e gudde Patt invitéiert.