Kierchtuermspromenaden 13 - d'Klinikskapell um Kierchbierg

De Grondstee vun der Klinik um Kierchbierg gouf de 16. Mee 2000 geluet, mä éischt Aarbechten haten ewell am Hierscht virdrun ugefaangen. D ‘Straussfeier koum dann ee Joer drop. Den Här Mathias Schiltz hat de Projet suivéiert als «témoin de la première rangée», an dozou e schéine Saz zitéiert vum brasilianesche Beschof, dem Don Helder Camara «Si quelqu'un rêve seul, ce n'est qu'un rêve. Si plusieurs rêvent ensemble, c'est le début d'une nouvelle réalité.» Den 'Ensembel’ vum Projet war baséiert op e neit architektonescht Konzept, op frëndlech Raumgestaltung, vill Liicht, hell Faarwen, Konschtwierker un de Wänn, op e gefleegten Entourage bis hin zu enger eegener Kapell. Mat iwwer 400 Better gouf den Hôpital Kirchberg di zweetgréist Klinik vu Lëtzebuerg.

Do wou de Staat kee Subventiounement vir gesouch, huet d’Fondatioun François-Elisabeth assuréiert. Dat heescht d’Kichen, de Parking, ënner anerem den Amphitheater an d’Klinikskapell... An iwwer si hu mer nach munch Detailer. Hir Miwwel, d,h, Altor, Tabernakel, Käerzen-Dësch an Liespult sinn Holzaarbechten vum “Pitt” Brandenburger. Och d‘liicht abstrakt Skulpture vum hl. Franziskus an der hl. Elisabeth stame vun him. Mä um hëlze Kräiz ass eng zweet Signature Guillaume Luc; op dem grousse Kruzifix fält de klengen integréierte kristalle Christus net gläich an d‘Aen. Et muss een e sichen... (An als Hannergedanke vun der apaarter Kreatioun ‘steet natierlech eng Symbolik...‘ hat de Kënschtler a sengem Atelier iwwer dem Schaffen erkläert! D'Fënstere vun der Kapell si fräi Kompositioune vum Roger Bertemes, vun 2004... a ganz am Uklank un d’Faarwe vum Reebou. Se si ganz schmuel a gi stufeweis méi breet.

Den ongekierzten Artikel fannt Dir hei:
http://www.tessyglodt.lu/page/kirchberg.html

Fotos: Archiv LW (Anouk Antony, José Correia, Serge Waldbillig, Teddy Jaans)