Generalversammlung vun der Klengbettener Musek

Enn Januar huet d’Harmonie Klengbetten op hir alljärlech Generalversammlung am Musekssall zu Klengbetten invitéiert. De neie President Jeff Kaufmann huet niewent de Musekanten a Kolleege vun der Klengbettener Musek, och de Buergermeeschter Sammy Wagner, d’Membere vum Schäffen- a Gemengerot, den Éierepresident Nico Kaufmann, d’Vertriederinne vun der UGDA Susanne Kramer an Danielle Thill sou wéi de Vertrieder vun der Stengeforter Musek, konnte begréissen.


An senger Usproch ass hie virum allem op e Joer vun der Relance agaangen, wat awer och nach am Zeeche vun der Corona-Pandemie stoung. Fir d’Musek war et wichteg erëm zesummen ze kommen an ze spillen, sou dat awer vill lass war an d’Prouwe vun Abrëll bis Dezember riicht duergaange sinn, wou 3 Programmer ageprouft a gespillt goufen. Zum enge ee Programm fir déi verschidde Quartiers-Concerten, een anere Programm fir de Show-Concert am November an ewéi all Joer e Chrëschtprogramm – dëst Joer e bëssi méi ee speziellen duerch dat grousst Chrëschtsangen zu Iechternach am Dezember. 2021 gouf et och d’Relance vum Jugendensembel. Des Weidere goufen et am Musekssall Renovatiounsaarbechte mat engem neie Plaffong an engem neien Ustrach.


Ewéi all Joer gouf een ausféierleche Joresbericht vun de Sekretärinne Linda Quaring a Jil Thurmes presentéiert éier d’Keessjee Lydie Mayer een Iwwerbléck iwwert d’Finanze vun 2021 an eng budgetär Previsioun fir 2022 ginn huet.


Fir 2022 sinn och schonn e puer Saache geplangt ewéi beispillsweis de Fuesbal „Hexenderby“, den Theater am Juni, d‘Kiermes, d’Quartiers-Concerten, den Dag bei der Baach sou wéi de Show-Concert. Am Juli fiert d’Klengbettener Musek ausserdeem an de Schwarzwald fir un de Festivitéite vum 150. Anniversaire vum „Musikverein Rötenbach e.V.“ deelzehuelen.


De Vize-President Guy Karier ass no 20 Joer aus dem Comité zréckgetrueden. Mat léiwen a witzegen Anekdoten a Wierder gouf him Merci gesot fir säin Engagement déi lescht 20 Joer. De Benji Ewerling hat am Virfeld seng Kandidatur fir an de Comité gestallt, déi unanime vun der Generalversammlung ugeholl gouf.


De Comité setzt sech elo folgendermoossen zesummen:

- President: Jeff Kaufmann

- Vize-President: nach intern ofzeklären

- Sekretärinnen: Linda Quaring a Jil Thurmes

- Keessjee: Lydie Mayer

- Memberen: Mike Donven, Danny Druart, Benji Ewerling, Aly Frantz, Paul Kugener, Michelle Sier, Marie-Paule Thiry.


De Buergermeeschter Sammy Wagner huet a senger Usproch ervirgehuewen dat de Generatiounswiessel am Comité gelongen ass an et spiert een dat de Veräin motivéiert an dynamesch ass a virun allem vill zum kulturelle Programm an der Gemeng bäi dréit. Hien huet der Musek weiderhin d’Ënnerstëtzung vun der Gemeng zougesprach.


D’Vertriederinne vun der UGDA waren immens frou zesumme mam Buergermeeschter 27 Membere mat engem Insigne oder enger Medailen auszeechnen ze kënnen:

Insigne fir 5 Joer : Antonio Da Cunha, Maëlle Dine, Hannah Zeynep Inemek, Jeff Kaufmann, Alessia Malena, Linda Quaring, Luc Schoué, Sophie Theis, Diane Wildschütz

Médaille de mérite en bronze (10 Joer) : Sacha Arlé, Milan Imiolcyzk, Mathilda Kaufmann, Liz Prumbaum, Arno Weicherding, Félix Weicherding, Max Wirth

Médaille de mérite en argent (20 Joer) : Tony Andrich, Svenja Jacoby, Luc Kaufmann, Davina Schol, Jean Weicherding

Médaille de mérite en vermeil (30 Joer) : Cindy Jacoby, Tom Karier, Michelle Sier, Marie-Paule Thiry

Médaille en argent Grand-Duc Adolphe (50 Joer) : Guy Mangers

Médaille en vermeil Grand-Duc Adolphe (60 Joer) : Paul Krummes

Zesumme gezielt mécht dat insgesamt iwwer 445 Jore Musek.


Ausserdeem hunn d’Vertriederinnen ënnerstrach, dat de Veräin gutt zesumme schafft, wat wichteg ass fir d’Weiderféiere vum Veräin, sou wéi och d’Engagement vun der Musek fir dat grousst Chrëschtsangen am Dezember zu Iechternach mat iwwer 300 Sänger a Sängerinnen. Des Weideren hu sie der Musek vill Succès fir d’Zukunft gewënscht.


Och den Dirigent Rob Köller huet a senger Ried betount dat et ëm och no 20 Joer nach ëmmer immense Spaass mécht fir op Klengbetten bei eng motivéiert, engagéiert an talentéiert Musek ze kommen. Him ass et wichteg déi Jonk weiderhin ze puschen, wou hien och scho verschidden Iddie fir 2022 huet. Ausserdeem freet hien sech op de Concert um Festival Fräiraum an der Philharmonie an de Show-Concert den 18. November 2022.


D’Klengbettener Musek freet sech op e weidert interessant musikalescht Joer an invitéiert elo scho jiddereen op den Hexenderby, den 19. Februar an de Musekssall op Klengbetten oder op den Theater Enn Mee/Ufank Juni.