En Dag bei der Baach

De 4. a 5. September war et endlech erëm esou wäit - „En Dag bei der Baach“ zu Stengefort. Eisen traditionelle Maart mat sëllegen Handwierks- a Kënschtlerstänn war dës Kéier, opgrond vun den Aarbechte beim Weier, am neie Park bei der Villa Collart. E neie Setting, mee mat dem nämmlechten Esprit.


Samschdes goung et um 17h lass an d‘Moselle Valley Brass Band huet fir gutt Stëmmung gesuergt. Sonndes gouf och een ofwiesslungsräichst musikalescht Encadrement gebuede mam Jean Ziata, dem David Hoffmann Trio (Jazz) an Drop & Dowidder (Brass).


Fir Grouss a Kleng gouf et Zauberei a Kartentricker mam Emma Schütz, esou ewéi e Zirkusworkshop mat Animatrix.


Natierlech gouf et och erëm eise „faulen Eck“ mat der Cocktailbar, sou ewéi Kniddelen, Chili, Gegrills an Eisekuchen.


Dëst Evenement gouf organiséiert vun der Klengbettener Musek an Zesummenaarbecht mat der Gemeng Stengefort ënnert dem Covid-Check Regime.