Generalversammlung vun der Klengbettener Musek

Den 28. Januar hat d’Harmonie Klengbetten op hir alljärlech Generalversammlung am Musekssall zu Klengbetten invitéiert. De President Jeff Kaufmann huet niewent de Musikanten a Kolleege vun der Klengbettener Musek, och de Buergermeeschter Sammy Wagner, d’Membere vum Schäffen- a Gemengerot, den Éierepresident Nico Kaufmann, den Délégué vun der UGDA an Dirigent Robert Köller sou wéi d’Presidentin vun der Stengeforter Musek an de President vun der Entente des sociétés, konnte begréissen.


An senger Usproch ass hie virum allem op de Wuesstem vun der Klengbettener Musek agaangen, dee fir eng Duerfmusek natierlech immens wichteg ass, grad an Zäite wou allgemeng e Réckgang an de Memberszuele vun de Veräiner ze gesinn ass. Ervirzehiewen si sécherlech déi Dose Jonker, déi am November hiren éischte Show-Concert mat der grousser Musek gespillt hunn. E weideren Highlight fir hie war den Ausfluch an de Schwarzwald. Insgesamt hat d’Musek 2022 e chargéierte Programm mat ville Concerten an Evenementer (Theater, Dag bei der Baach etc.). Den ausféierleche Joresbericht gouf ewéi all Joer vun de Sekretärinne Linda Quaring a Jil Thurmes presentéiert. Uschléissend huet d‘Keessjee Lydie Mayer een Iwwerbléck iwwert d’Finanze vun 2022 an eng budgetär Previsioun fir 2023 ginn.


Fir 2023 sinn och schonn e puer Saache geplangt: de Fuesbal „Hexenderby“, den Theater „Nerven behalen“ am Mäerz, d‘Kiermes, ee Concert op der Place d‘Armes, den Dag bei der Baach (déi 21. Editioun mat 2 Headliner) sou wéi de Show-Concert an e Chrëschtconcert zu Réimech. No 10 Joer wäert och erëm e Prouweweekend auswäerts stattfannen. Fir déi Jonk ass och een Ausfluch a Planung.


No ville Joren an der Musek sinn den Ernest Karger an de Camille Houllard an hir musikalesch Retraite gaangen. Mat engem klenge Kaddo gouf hinne Merci gesot fir hiert Engagement iwwer vill Joerzéngten. Sie waren zwou grouss Stäipe vun der Klengbettener Musek.


De Comité setzt sech onverännert folgendermoossen zesummen:

- President: Jeff Kaufmann

- Vize-President: Mike Donven

- Sekretärinnen: Linda Quaring a Jil Thurmes

- Keessjee: Lydie Mayer

- Memberen: Danny Druart, Benji Ewerling, Aly Frantz, Paul Kugener, Michelle Sier, Marie-Paule Thiry.


De Buergermeeschter Sammy Wagner huet a senger Usproch ervirgehuewen dat d’Musek e wichtegt Element fir d’Gemeng Stengefort ass an der Musek weiderhin d’Ënnerstëtzung vun der Gemeng zougesprach.


Zesumme mam Vertrieder vun der UGDA an Dirigent Robert Köller konnt hie folgend Musikante mat engem Insigne oder enger Medailen auszeechnen:

Insigne fir 5 Joer : Julie Cigrang, Lori Ries, Michelle Scheller, Maude Theis

Médaille de mérite en bronze (10 Joer) : Maxime Batista, Lilly Bodson, Lucille De Vries, Sylvie Langermann, Chris Schmitz

Médaille de mérite en argent (20 Joer) : Peter Bun, Guy Karier, Max Lucas

Médaille de mérite en vermeil (30 Joer) : Monique Jacoby

Médaille en argent Grand-Duc Adolphe (50 Joer) : Nico Kaufmann, Guy Pettinger

Médaille en vermeil Grand-Duc Adolphe (60 Joer) : Camille Houllard


A senger Usproch als Vertrieder vun der UGDA souwéi och als Dirigent huet de Robert Köller op e flotte Show-Concert zréck gekuckt, deen hie gären an engem méi grousse Kader géif widderhuelen. Hien freet sech op e weidert Joer an hofft dat am September erëm en Ufängerensembel ka lancéiert ginn.


D’Klengbettener Musek freet sech op e weidert interessant musikalescht Joer an invitéiert elo scho jiddereen op den Hexenderby, den 11. Februar an de Musekssall op Klengbetten an op den Theater „Nerve behalen“ am Mäerz.


Weider Informatiounen op www.hklb.lu