Generalversammlung vun der Klengbettener Musek

No 30 Joer: den Nico Kaufmann huet als President vun der Klengbettener Musek opgehalen.


Enn Mee hat d’Harmonie Klengbetten hir Memberen an Éieregäscht op d’Generalversammlung an de neie Centre Culturel “An de Keeseminne” zu Stengefort invitéiert.


De President Nico Kaufmann huet a senger Usproch op e méi ongewéinlecht Joer zréckgebléckt, wou d’Musek awer trotz den bekannten Ëmstänn net inaktiv war. Am ausféierleche Joresbericht, dee vun de Sekretärinne Linda Quaring a Jil Thurmes mat Fotoe presentéiert gouf, war ze gesinn, dat d’AwunnerInnen et begréisst hunn dat d’Musek fir d’Kiermes den Hämmelsmarsch gespillt huet an am Juni/Juli op verschidde Quartiersconcerten invitéiert hat. Leider goufen et awer och Annulatiounen, sou gouf beispillsweis den Theater, den Dag virun der Première ofgesot an et gouf leider och keen Dag um Weier oder Show-Concert am November.


Wéi all Joer huet och d’Keessjee, Lydie Mayer, een Iwwerbléck iwwert d’Finanze vun 2020 an eng budgetär Previsioun fir 2021 presentéiert.


Sou wéi de President Nico Kaufmann et 2020 ugekënnegt hat, ass hien no 30 Joer President aus dem Comité zréckgetrueden. Mat Standing Ovations, léiwen a witzegen Anekdoten a Wierder sou wéi undauerndem Applaus gouf him villmools Merci gesot fir all seng Aarbecht a säin Engagement als President déi lescht 30 Joer. Den Nico Kaufmann ass och zum Éierepresident vun der Musek genannt ginn. Och op dëser Plaz soe mir him nach eng Kéier e grousse Merci fir seng wonnerbar Aarbecht. De längere Comités-Member a Fähnerech, Serge Wagner, huet sech och aus dem Comité zréckgezunn.


Dës 2 Plaze goufen awer och direkt nei besat, mam Jeff Kaufmann an dem Paul Kugener, déi hir Kandidatur gestalt haten an unanime vun der Generalversammlung ugeholl goufen. De Comité setzt sech elo folgendermoossen zesummen:

- President: Jeff Kaufmann

- Vize-President: Guy Karier

- Sekretärin: Linda Quaring

- Sekretärin adjointe: Jil Thurmes

- Keessjee: Lydie Mayer

- Memberen: Mike Donven, Danny Druart, Aly Frantz, Paul Kugener, Michelle Sier, Marie-Paule Thiry


De Buergermeeschter Guy Pettinger huet dem Nico Kaufmann a senger Usproch och e grousse Merci ausgeschwat. Hien huet et och begréisst dat d’Musek, sou bal et méiglech war, erëm aktiv ginn ass an hinne weiderhin d’Ënnerstëtzung vun der Gemeng zougesprach.


Leider konnt d’Generalversammlung net ewéi gewinnt mat engem Iessen ofgeschloss ginn. Dëst gouf awer mam Regime Covid-Check Mëtt Juli mat enger klenger Grillfeier nogeholl.


D’Klengbettener Musek freet sech elo schonn drop iech de 4. a 5. September um “Dag bei der Baach” (neit Konzept vum “Dag um Weier”) zu Stengefort hannert der Gemeng ze begréissen.