Concert "The Show goes on"

Den 19. November hat d’Harmonie Klengbetten no engem Joer Paus zu hirem järleche Concert ënnert der Leedung vum Rob Köller an de Centre culturel “Keeseminnen” zu Stengefort invitéiert, deen ënnert dem passende Motto “The Show goes on” stattfonnt huet.


Déi lescht Méint huet d’Musek un engem Programm geschafft deen d’Publikum vum Balkan bis an d’Zäitalter vun de Kelte matgeholl huet. Och mat dobäi ware bekannte Swing-Nummeren, Rock-Songs a Filmmusek fir ze dreemen.


D’Musekante ware frou mol erëm virun engem grousse Publikum ze spillen an de Concert war e vollen Erfolleg.


Elo gi fläisseg d'Chrëschtdagslidder geprouft, déi d’Musek iech de 17. Dezember ab 18h30 um Chrëschtmaart zu Stengefort spille wäert.