Den Pompjeesklassiker - Kaatz um Daach zu Lampech

Den 05 August goufen d'Ehlenger Pompjeeen vun Lampecher Awunner informeiert, dass sait baal 2 Deeg eng Kaatz um Daach vun engem Haus an der Cité "Op Wisschen" geif setzen.

Wei sie op der Plaatz unkomm sin, soutz d'Kaatz uewen um Kamain vun benanntem Haus. Duerch den Stand vum Haus koum en Asaatz vun enger Dreileeder oder engem Teleskopmast net an Fro, doweinst hun sie decideiert, mat Steckleederen op den Daach ze klammen, an dann iwer Daachleederen weider bei d'Kaatz. Beim Opbau vun den Steckleederen konnten sie dunn awer beobachten wei d'Kaatz schon no fir op den Daach luusen komm ass, sie wollt wahrscheinlech wessen waat lo do geschitt. Doduerch huet dunn sust een vun hieren Memberen missen eropklammen an d'Kaatz bei sech rufen. Nodeems en se ze paacken kritt huet, konnt se secher erof bruecht gin an get lo vun enger Nopesch versuergt, bis d'Besetzer nees doheem sin.

Alles an allem wuaren dei Ehlenger mat TLF 2000 an GW-S an 4 Mann während ronn enger halwer Stonn op der Plaatz.