Cäciliëconcert vun der Harmonie Municipale Bascharage

D’Harmonie Municipale vun Bascharage hat den 11. November 2017 zu hirem traditionnellen Cäcilieconcert an de Käerjenger Treff agelueden.

Den éischten Deel vum Owend war et d’Harmonie Bascharage ënnert der Leedung vum Alain Baustert déi duerch de Programm geféiert huet an den zweeten Deel war et d’ Fanfare Gostingen – Beyren ënnert der Direktioun vum Didier Wein.

De Cäcilieconcert ass och ëmmer en Dag wou d’Memberen fir hiert Engagement an der UGDA geéiert ginn. A Präsenz vun der éischter Schäffin vu Käerjeng, der Madame Josée Anne Siebenaler-Thill, dem Här Robert Köller, Generalsekretär vun der UGDA an der Regionalvertriederin vun der UGDA, der Madame Adèle Donven-Rossetti, sinn verschiddene jonk Musekanten fir 5, 10 oder 20 Joer UGDA-Memberschaft geéiert ginn. Ganz besonneg erfirzehiewen wieren de Paul Ehlinger an den John Weisgerber: Si sinn fir 60 Joer UGDA-Memberschaft geéiert ginn.