Cäcilieconcert vun der Harmonie Municipale Bascharage


De leschte Samschdeg, de 16. November 2019, huet d'Käerjenger Musek wéi all Joer hieren Cäcilieconcert am Käerjenger Treff gespillt. Deen éischten Deel gouf vun der Käerjenger Musek ënnert der Leedung vum Alain Baustert ofgedeckt. Si hunn den Owend zesummen mat hire Jongbléiser erëffnet an hiren Deel goung mat der Iwwereeschung vun de Medaillen vun der UGDA u verdéngschtvoll Memberen op en Enn. D'Madame Josée-Anne Siebenaler, 1. Schäffen vun der Käerjenger Gemeng, an d'Madame Adèle Donven-Rosetti, Vertriederin vun der UGDA, hunn d'Medaillen un d'Musekante verdeelt.

Dëst Joer sinn zwee jonk Musekanten, d'Nora Wallerich an den Alexandre Freitas Lourenco fir 5 Joer Matgliedschaft an der UGDA geéiert ginn. Fir 20 Joer Memberschaft huet den Drui Lucien eng Auszeechnung kritt. Zwee weider Musekanten hunn eng Medaille fir 30 Joer kritt: d'Tanja Pandolfi-Funck an de Guy Mahowald. De Romain Schmit ass fir 50 Joer geéiert ginn. De Marcel Rettel huet eng ganz besonnesch Auszeechnung op déi déi ganz Musek houfreg ass kritt: Hee krut d'Medaille fir 70 Joer Memberschaft an der UGDA.

No der Paus huet d'Gaaschtmusek, d'Fanfare Schuller-Sprenkeng ënnert der Leedung vum Didier Wein mat engem flotten an ofwiesslungsräiche Programm den Owend ofgeschloss.