Gala Show Concert vun der Harmonie Municipale Bascharage - 30. Mäerz 2019

D’Käerjenger Musek hat leschte Samschdeg, den 30. Mäerz an de Käerjenger Treff gelueden fir do hire Gala Show Concert ze presentéieren. Den Owend stoung ënnert dem Thema „Adventures“.

An engem gutt gefëllten Sall, huet de Raymond Kimmes duerch de Programm gefouert an den Alain Baustert hat d’Direktioun vum Orchester.

Den Owend ass mat der Kompositioun „Adventure“ vum Markus Götz ugaangen, dono hunn d’Museker de Public mat op Abenteuer vum Indiana Jones, dem E.T., dem Alice am Wonnerland, an den dräi Musketiere matgeholl. Mat der Interpretatioun vun der Symphonie Nr 1. Mam Titel „The Lord of the Rings“ vum Johan de Meij ass den Nolauschterer an d’Welt vum Gandalf an den Hobbiten agedaucht. Et goung och zréck an d’Zukunft mat der Filmmusek zu „Back to the Future“ an a fern Galaxien mat der Musek zu „Star Wars: The Force Awakens“.

Wéi déi lescht Joeren och schons, hat d’Harmonie Municipale vu Bascharage och dëst Joer rëm e spezielle Gaascht mat op der Bühn stoen. De Luc Hemmer huet mat sengem Vibraphone a Begleedung vum Orchester d’Oueren op sanft Kläng beim éischten Deel vum „Concerto pour Vibraphone et orchestre“ vum Emmanuel Séjourné an op jazzeg Rythmen beim Stéck „ A Tribute to Lionel“ vum André Waignein agestallt. Nieft dem musekalesche Part, huet den Zauberer Pascal d’Leit an der Paus mat Dëschzauberei an d’Welt vun der Magie entfouert.

De President vun der Harmonie, den Här Paul Wampach, huet der Gemeng zum Schluss vum Owend e grousse Merci ausgeschwat, well d’Akkustik vum Sall verbessert gouf an déi Aarbechten kuerz virum Gala Show Concert fäerdeg goufen.