Cäcilieconcert vun der Harmonie Municipale Bascharage


D'Harmonie Municipale Bascharage hat den 13. November 2021 um 20h00 an de Käerjenger Treff invitéiert fir do, no langer Paus, rem kënnen hieren traditionellen Cäcilieconcert ze spillen.


Deen éischten Deel gouf vum Orchester ënnert der Leedung vun hirem Chef, dem Alain Baustert assuréiert. No der Paus war et un de Käerjenger Jongbléiser, déi e flotte Programm ënnert der Direktioun vum Yannick Hut gespillt hunn. Dono ass den Owend weider mat der musekalescher Ënnerhalung duerch d'Käerjenger Musek weider gaangen.

Wéi op all Cäcilieconcert, goufen och dëst Joer Memberen, déi zënter Joeren an der Musek sinn, mat enger Medaille geéiert. D'Medaillen sinn vun Madame Adèle Donven-Rosetti, Déléguéiert vun der UGDA, an der 1. Schäffin vun der Gemeng Käerjeng, der Madame Josée-Anne Siebenaler-Thill, ausgedeelt ginn. Geéiert goufen: Mme Manon Herber fir 5 Joer Memberschaft an der Käerjenger Musek, d'Mme Pauline Silly och fir 5 Joer, d'Mme Sandy Wampach an den Här Marc Goergen kruten eng Medaille fir 10 Joer an den Här Romain Gillen fir 40 Joer aktiv Memberschaft.