Jugendmuseksdag vun de Jongbléiser vun der Käerjenger Musek


Fir déi drëtte Kéier haten d'Jongbléiser vun der Harmonie Municipale Bascharage an de Käerjenger Treff op hiren Jugendmuseksdag, e Sonndeg, den 9. Februar 2020 invitéiert.

Den Optakt vum Nomëtteg hunn d'Jongbléiser ënnert der Leedung vum neien Dirigent, dem Yannick Hut, gemaach. Ier de Concert lassgoung, huet den Alain Baustert, deen d'Jongbléiser fir eng Saison geleet huet, den Dirigentebéngel un de Yannick Hut weidergereecht.

Invitéiert waren och d'Foulschter Jugendmusek, déi den zweeten Deel vum Nomëtteg ënnert der Leedung vum Pol Wio iwwerholl hunn.

Do dernierwent war och den Dirigent Leroy Vandivinit mat senger Harmonie des Jeunes Prince Guillaume vun Déifferdeng präsent, déi den Nomëtteg weider musekalesch encadréiert hunn.

Den Jugendmuseksdag gouf mat engem gemeinsamen Ofschlossconcert vun deenen dräi Jugendensembelen ofgeronnt. Hei hunn déi dräi Dirigenten sech mat der Direktioun vun deem groussen Ensembel ofgewiesselt.

Niewt de Concerten gouf awer och nach e Molconcours fir jonk Zeechentalenter organiséiert. De Gewënner vum Concours ass de Kënschtler vum Plakat fir de Jugendmuseksdag 2021.