Cäcilieconcert vun der Harmonie Municipale Bascharage

D'Käerjenger Musek hat de 17. November 2018 an deKäerjenger Treff fir hieren traditionnellen Cäcilieconcert agelueden. Den éischten Deel vum Owend huet d'Käerjenger Musek mat hierem Dirigent Alain Baustert assuréiert.

Den zweeten Deel war d'Fanfare Huncherange-Noertzange-Fennange op Besuch.

Firun der Paus sinn dann och Medaillen vun der UGDA u verdingschtvoll Musekanten iwwereescht ginn. Vun der UGDA-Vertriederin, Madamm Adèle Donven-Rossetti an der éischter Schäffin vun der Käerjenger Gemeng, Madamm Josée-Anne Siebenaler-Thill kruten den Alain Baustert fir 30 Joer an d'Tanja Hoffmann Zwick fir 40 Joer UGDA-Memberschaft eng Medaille iwwereescht.