Generalversammlung vun der Harmonie Municipale Bascharage


D'Harmonie Municipale vu Bascharage hat um Freideg, 26 Januar 2018 op hir alljähreg Generalversammlung agelueden.

Firun der Generalversammlung vun der Musek, war et un där vum Supporterclub. D'Madamë vum Supporterclub hunn hiren Aktivitéitenkalenner vum leschten a vun dësem Joer presentéiert souwéi hir Keess. Nierwt den traditionnellen Floumäert, déi den 28. Januar 2018 an den 23. September 2018 stattfannen, si se och soss op de Manifestatiounen vun der Musek, wéi zum Beispill dem Galaconcert vum 17. Mäerz 2018 präsent fir dem Veräin hir Ënnerstëtzung auszedrécken.

D´Generalversammlung vun der Musek, ageleet duerch puer Wieder vum President, dem Här Paul Wampach, gouf mat engem musekaleschen Rahmeprogramm vum Jugendorchester, de "Jongbléiser" ënnert der Leedung vum Här Damien Muller ofgeronnt.

D´Sekretärin, d´Madame Christiane Noblet-Eickmann, huet de Rapport vun den Aktivitéiten vum leschte Joer a vun 2018 presentéiert. De Rapport vun der Keess huet d'Madame Linda Wampach iwwerholl an den Décompte vun der Keess gouf och sou vun den Keessereviseuren ofgeholl.

Dono huet den Dirigent, den Alain Baustert, e klenge Resumé vun der leschter Saison gemaach an op de Galaconcert vun dësem Joer gekuckt, deen ënnert dem Thema "Masquerade" steet. Op dësem Concert sinn den Ernie Hammes an d'Grupp "Les Sourds-doués" di speziell Gäscht.


Di nächst Manifestatiounen vun der Harmonie Municipale Bascharage sinn den Galaconcert vum 17. Mäerz am Käerjenger Treff an d'Bëschfest um Weekend vum 5. a vum 6. Mee 2018. Natierlech ass d'Musek och op all Manifestatioun vun der Gemeng, wéi der 1. Mee Feier, dem Firowend vun Nationalfeierdag, der Käerjenger Kiermes oder dem "Käerjeng Live" am Juli 2018 vertrueden.