Kierchtuermspromenaden 15 - Hei erzielen Weekräizer grad sou Geschichten wéi anerwäerts Kierchen oder Schlässer

Beesslek, Hautbellain, war am Anno Domini 585 schonn als Belsonacum dokumentéiert. D’Héichten haten d’Réimer ugezunn. An d’Plaz huet vill gesinn obwuel se kleng ass op der Weltbühn, op där dem Francisco de Quevedo no… “d’Rolleverdeelung an den Hänn vum ’Eenzegen Dramaturg’ läit”. Un engem Scheffen vun der ‘Freiheit Oberbesslingen’ seng Fra, d’Susanne Zanen erënnert eng 1713 datéiert al Graafplack an der Kierch vu Nidderbeesslek, dat eigentlech ‘Kiirchen’ heescht. D’ neigotesch Zanen-Kapell (vun 1885) weist op eng verméigent Beessleker Famill aus dem 17. Jh. hinn.

Di zwee Dierfer Nidder- an Uewerbeesleck trenne ronn 200 Meter; si hunn zesummen e Gesangveräin an d’Differenz vun hirer Awunnerzuel ass kleng: Beesslek hat der 2008 mat 161 just 14 méi wéi Kiirchen. D’Duerf um Réimerwee war schonn am 12. Jorhonnert en Handelszentrum. Mä deen huet no der franséischer Revolutioun an duerch nei Grenze mat Belgien an Däitschland seng kommerziel Bedeitung verluer. 1867 sollt dann d’Eisebunnsligne Lëtzebuerg-Liège de ‘Grand chemin de Bastogne à Stavelot et à St. Vith’ kräizen. 1875 ass hei nieft dem Joermaart de Verbuet ernimmt ‘Hornvieh’ auszestellen an ze verkafen, wéint enger Véihkränkt, der Pleuropneumonie… an ee Joer drop e staatleche Subsid vun 300 Frang fir d’nei Waasserleitung… D’Gare huet dem Duerf 1895 e Renouveau bruet; t’huet evoluéiert grad wéi Huldang, ‘t entstoungen e neie Wunnquartier a kleng Commercen an d’Awunnerzuel goung 1900 dann op 296 erop. Haut ass keen Arrêt méi hei. D'Roll vun den zwou Zuchbrécken: iwwer déi eng rullen d’Zich an Directioun Huldang ,ënner där anerer méi klenger erduerch läit d’Streck Gouvy. D’Tankstatioun besteet och net méi. Den eenzegen Handel ass e Café… an de lokale Spuerveräin dee ‘nie en Sou’ heescht! Ee Vëlo-Circuit beschreift déi kleng ewell ernimmten Eisebunnsbréck an Directioun Gouvy an Hautbellain als ‘vieux village parsemé de maisons typiques des Ardennes luxembourgeoises.

Den ongekierzten Artikel fannt Dir hei:
http://www.tessyglodt.lu/page/hautbellain.html

Fotos: Archives LW