Generalversammlung vun der Käerjenger Musek - 1. Februar 2019

Wéi vill Veräiner dat am Ufank vum neie Joer organiséieren, huet och d’Käerjenger Musek den 1. Februar 2019 op hir Generalversammlung an de Musekssall zu Käerjeng invitéiert. D’Gemeng war duerch den Här Yves Cruchten an den Här Jos Thill, allebéid am Gemengerot, vertrueden.

Den Optakt vum Owend huet d’Generalversammlung vu de Supporteren vun der Käerjenger Musek gemaach. Och wann hiren Aktivitéitsbericht méi kuerz ausgefall ass, kann een awer soen, dass d’Supporteren d’Musek gutt ënnerstëtzen bei deene verschiddene Manifestatiounen wou si hiren Asaz weisen oder an dem si der Musek eng finanziell Entlaaschtung entgéint bréngen, wéi zum Beispill beim Stëften vun enger neier Bassklarinett am Dezember 2018.

Dono war et dann un der Generalversammlung vun der Käerjenger Musek. No der Bgréissung vum President Paul Wampach gouf eng Gedenkminutt fir déi verstuerwen Memberen ageluecht. A senger Usprooch huet de President alle Musikantinnen a Musikanten, esou wéi dem Comité Merci gesot fir hiren Asaz, E grousse Merci goung och un d'Gemeng fir déi finanziell an all aner Ënnerstëtzung.

Nodeems d'Sekretärin Madame Manda Weber den Aktivitéitsrapport vum Joer 2018 an dem Programm 2019, deen och scho gutt gefëllt ass, firgedroen huet, goung et du weider mam Rapport vun der Caissière, der Madame Linda Wampach. Trotz der Reess op Bad Säckingen an dem Ausflug mat de Jongbléiser an den Europa Park, woubäi d'Käerjenger Musek natierlech en Deel vun de Käschte fir d'Memberen iwwerholl huet, weisen d'Zuelen an der Kees nach ëmmer en décke Plus fir.

Weider goung et mat der Wal fir de Comité. De Marc Goergen, de Claude Mahowald an d’Manda Weber waren austriedend an remwielbar an goufen vun de Memberen vun der Musek an hirer Fonktioun bestätegt. Net méi remwielbaren waren d’Christiane Noblet-Eickmann als Sekretärin an d’Linda Wampach als Caissière. D’Madame Sandy Wampach huet hir Kandidatur fir an de Comité gestallt an ass vun der Majoritéit vun den Museksmemberen doranner bestäerkt ginn.

Ofschléissend huet den Dirigent Alain Baustert nach e Réckbléck op eng ganz aktiv an ustrengend Saison gemaach an och d’Musekanten fir hiren Asaz gelueft an hinnen Mutt gemaach fir di kommend Aktivitéiten. Den Conseiller communal huet dono och nach e puer Wieder un d’Leit geriicht an deem en der Musek fir hiren Asaz op all de Manifestatiounen vun der Gemeng Merci gesot huet a betount wéi wichteg de Benevolat an engem Veräin ass.