100 Joer Pompjeeen Ehleng - Aweiung vun engem Monument an engem neien Kommandowon

Den 22. September hun d'Pompjeeën Ehleng offiziell hier 100 Joër gefeiert. An deem Kader huet den Korps säin neien Kommandowon, en ëmgebauten Nissan Navara Pickup, a Betriib geholl.

Am Kader vum Centenaire hun d'Ehlenger Pompjeeën e Monument opgestallt, daat un all déi Leit erenneren soll, déi am Dingscht vun den Awunner aus der Gemeng Reckéng/Mess stin oder stoungen.

A senger Usproch ass eise Kommandant Arsène Kettman op déi 100-jährege Geschicht vun eisem Korps agaang.

Am Kader vun de Feierlechkeeten goufen de Kdow an d'Monument vum Paschtouer François Felten (deen de Paschtouer Edmond Klein krankheetshalwer ersaat huet) geseent.

Och den Minister Halsdorf huet eng Usprooch gehaalen.

Fir den ganzen Text an Fotoen, gidd op eis Internetsait:
http://www.spe.lu/index.php/7-startsait/128-100-joer-pompjeeen-ehlengmess

(Text Akim Schmit - Ausschnetter / Fotoen Steve Heyard)