Accident Rondpoint Reckeng Richtung Dippech-Gare

Den 08 Abrëll goufen dei Ehlenger Pompjeeen geint 15:23 op d'Landstroos vun Reckeng op Dippech-Gare geruf. Kuerz hannert dem Rondpoint Reckeng wuar eng Camionette vun der Stroos ofkomm, huet en klengen Bam ze paacken kritt an ass am Gruew an den Hecken un d'Haalen komm. Fir dass d'Depanneuse d'Camionette konnt biergen, hun d'Pompjeeen missen en puer deck Aescht vun der Heck mat der Motosee ewechschneiden. Natierlech hun sie och d'Asaatzplaatz ofgesechert an gebotzt. Alles an allem wuaren se während enger Stonn mat 6 Mann, dem TLF 2000, GW-S an KDOW op der Plaatz. Präsent wuaren ausserdem 2 Depanneusen, eng Patrull vun der Police Grand-Ducale, C.I. Esch/Uelzecht an d'Ponts et Chaussées.