Kamainbrand an der Rue des Trois Cantons

Den 25. Februar 2013 geint 18:37 goufen dei Ehlenger Pompjeeen op en Kamainbrand an d'Draikantonsstroos op Reckeng geruf. No enger eischter Erkundung gouf decideiert, d'Brandgut an Eemeren aus dem Haus ze brengen an mam Schnellungreff ofzeläschen. Nodeems daat gemeet wuar, gouf den Kamain selwer eenmol mat engem Polverläscher gekillt an eventuell Glous ewechgeblosen. Mam Laserfernthermometer hun se dunn nach eenmol kontrolleiert, op neierens mei verstoppten Glutnäschter sin. Ingesamt wuaren sie mat 8 Mann, dem KDOW, dem MTW, dem GW-S an dem TLF 2000 waerend enger Stonn op der Plaatz. Ausserdem op der Plaatz wuar eng Patrull vun der Police Grand-Ducale vun Esch.