1. Mee am Jousefshaus
Zënter e puer Joër as et eng Traditioun, dass d'Réimecher Pompjeeën de Bewunner aus dem Jousefshaus op desem Dag eng Freed machen.
Muerers fréi get et an de Bësch fir e Meekranz ze machen.
Musék a Pompjeeën gin am Cortège vum Bësch aus duerch Réimech iwwert d'Plaz Dr Fernand Kons, wou de ganzen Dag de super flotten KONSCHT- an HOBBY vum Syndicat d'Initiative Réimech organiséiert get.
Géint 11 Auer as dann d'Arrivée vum Cortège beim Jousefshaus wou dëst Joër bannen a baussen vill vun de Bewunner a Mataarbechter ongedëlleg gewaard hun.
De Kommandant Michel Schwachtgen huet dem Direkter Jean Bohler de Meekranz iwwerrecht.
Bewunner, Mataarbechter a Pompjeeën hun duerno zesummen e Patt gedronk a vill Spiichten vun fréieren Zäiten ausgetosch.
Merci der Musék an de Pompjeeën, dass sie d'Bewunner aus dem Jousefshaus esou aktiv um Liewen vun der Stad Réimech deelhuele loossen.
No engem super Mëttegiessen vun de Bewunner war et dun un der Zäit vun engem CONCERT-DIGESTIF offréiert vun der Harmonie Municipale Hollerich-Lëtzebuerg Gare-Cessange.
Des super Performance huet den agreablen Deel vum Metteg genial ofgerond.