105. Gebuertsdag - Zu Réimech den Alter genéissen

D'Madame Marie GARDT-HAAG, genannt Maus, wunnt zënter 2005 zu Réimech am Jousefshaus.
Haut (18.02.2014) huet sie hir 105 Joër gefeiert. Jo! sie ass 1909 gebuer.
Famill a Frënn waren um Rendez-Vous fir mam Maus ze diskutéiren, ze sproochen an ze laachen.
E schéine Gebuertsdag wënschen d'Bewunner an d'Mattaarbechter aus dem Jousefshaus.