De Réimecher Minigolf as nees op


Déi Verantwortlech vum Syndicat d'Initiative vun der Stad Réimech informéiren iech all datt de flotte MINIGOLF mat de MINICARS no der Wanterpaus elo rem op as.
Dir sidd all häerzlech Wellkomm fir niewend der Esplanade, der Musel, de Schëffer, de Geschäfter, de Restauranten an Terrassen elo nees äre Sport ze machen a vill Freed a Spaass ze hun.
Réimech as eng Rees wert, et as emmer eng lass a mir empfänken iech mat openen Ärm.