Den 1. Mee zu Réimech


De Réimecher Syndicat d'Initiative huet den 1. Mee vun 10-18 Auer op der Dr Fernand Kons Plaz säi flotten Hobbysmaart organiséiert.
Méi wéi zwou Dozzen Künstler an Artisten weisen hier Konschtwierker, schaffen op der Plaz a poteren gär iwwert hieren Hobby.
Natierlech sin all déi Unikaten och ze kafen.

Géint 1/2 11 kennt de Cortège vun de Veräiner matt hiere frësche Meekränz direkt aus dem Bësch iwwert den Hobbysmaart an d'Réimecher Musek spillt flott Stécker.

Em 11 Auer as dann um Kiosk e Concert vun der Hollerecher Musek.

De Minigolf an d'Minicars sin op.

D'Sonn as um Rendez-Vous an déi flott Terrassen lueden an fir e bëssen ze raschten an d'Stëmmung einfach ze genéissen.

Déi Verantwortlech vum Réimecher Syndicat d'Initiative invitéiren elo schons op hier nächst rieseg Manifestatioun, d'Bacchusfescht de 15. August, de gréissten Floumaart wäit a bred mat ronn 200 Stänn.

Bis dohinner leeft nach vill Waasser d'Musel erof an et get nach ganz vill gebueden zu Réimech:

Réimech liewt; bleiwt informéiert a verpasst déi gudd Momenter net!