Iwwerschwemmung zu Riedgen an der Rue de Luxembourg

Den 20. Juni geint 09:20 goufen d'Pompjeeën Ehleng op Riedgen an d'Rue de Luxembourg geruff.

En Awunner haat den Problem, dass duerch en Chantier an en verstopptent Offlossrouer d'Reenwaasser vum Noper sengem Terrain op sain eriwer gelaaf ass, daat Waasser huet dann wider d'Mauer gedreckt an huet ungefaangen erof an den Keller ze zeien. Den Pompjeeën ass et duerch den Asaatz vun en puer Brieder an d'Verleen vum Kanal gelongen, d'Waasser an den Kanal emzeleeden, sou dass keen weidert Waasser mei kann nodrecken. Sie wuaren dofir mat 7 Mann, dem KDOW, dem GW-S an dem MTW wärend ronn 1 an enger halwer Stonn op der Plaatz aktiv.