Kierchtuermspromenaden 16 - De Rouscht: Vun der "Raschtplaz" zur Industriezone

D’Strooss Lëtzebuerg- Walfer Miersch- Ettelbréck- Housen entstoung tëscht 1718 a 1733. D’Vollekszielung indiquéiert 1852 bei Roost/Colmar-Berg 5 an Roost/Biissen 55 Awunner. (An 1891 waren där do 65 registréiert.) D’Kanner ginn op Bissen an d’Schoul, ‘t sinn hei 3 Bus-Arrêten, mindestens, an och di eenzeg Automobilrennstreck vum Land... De Rouscht läit um Bord vun der ewell ganz laang geplangter NORDSTAD! Dëse Begrëff hat den Adrien Ries geprägt... a wäitsiichteg de Plateau Roost als hir drëtt vu 4 Industriezone genannt. A senger Ried vum 2. Juni 1973 hat hien d’Nordstad interpretéiert als Raum vu 7 fusionéierte Gemengen: Bettenduerf, Déikrich, lerpeldeng, Ettelbreck, Schieren, da Kolmer-Bierg an och Biissen.

Di lescht mécht net mat, mä huet ewell konkret Landesplanung ëmgesat: Plaze wou een Haus hipasst... an d'Industriezone goufen ageplangt; d'Bëscher di mussen intakt bleiwe stinn do fest, (gesetzlech virgeschriwwen gouf nohalteg Waldbewirtschaftung schonn 1840) dat heescht: net méi Holz ze fällen wéi es nowiisst! Ee Bam versuergt bekanntlech am Dag 10 bis 20 Mënsche mat Sauerstoff.

Nieft der Molkerei sinn hei um Rouscht eng Rei aner Firmen etabléiert... Tëscht ‚Biessen’ an ‚Hau Essingen’ verzeechent eng al Kaart d’Montagne Rost an de 'chemin de Liège’! An zimlech al dierft och de Sproch sinn: “Wien iwwer de Rouscht kënnt ouni Wand – duerch Miersch mat Verstand - an duerch Lëntgen ouni Spott, deen huet Gnod bei Gott! Mat Verstand ze fueren hëlleft de noen ’Centre de formation pour conducteurs’, en offréiert Stagen a siwe Sproochen an eng avantgardistesch Technologie fir d’eege Limitten, déi vun de Gefierer an déi vun der Physik kennen ze léieren. Hien zielt allerdéngs zu Kolmar-Bierg.

Den ongekierzten Artikel fannt Dir hei:
http://www.tessyglodt.lu/page/route-de-roost.html

Fotos: Archiv LW (Anouk Antony, Gerry Huberty, Guy Jallay, John Lamberty, Le Sibenaler, Serge Waldbillig