Kierchtuermspromenaden 11 - Suessem: Vun der Käerbuerg zum Kannerschlass

D’Suessemer Schlass, d.h. seng fréigotesch Käerbuerg, gouf 1306 éischtmools an engem Akt erwänt. De Bau ass awer méi al, an hat als Waasserbuerg e véiereckegen Tuerm, deen den 1250 ernimmten éischten Här Theoderich I. vun Zolver bewunne sollt. Hien hat am Bannenhaf en Dauweschlag an Häiser fir d’Déngerschaft gebaut. 1552 sollten d’Franzousen d’Buerg a vill Häiser hei an zu Zolver zerstéieren. Se goufen am Laf vu Jorhonnerte méi wi eemol frësch opgebaut.

D’adeleg Hären hunn de Waassergruef zougeschott, d’Réngmaueren ofgerappt, d’gotescht Gebäi an de Park ausgebaut. D' Buch 'Sentinelles de l'Histoire' vum Roger Bour beschreift säi Site am Detail. D’Famille vum Arnould- François de Tornaco koum 1753 heihinn. Si war enk mat der Geschicht vum Land verbonnen. De Baron Victor de Tornaco war vun 1860 un siwe Joer Staatsminister; un hien erënnert haut en Denkmal.

Wat kaum ee wees: am Joer wéi d'lëtzebuergesch Verfassung mat hirer équilibréierter 'Balance zwëschen de Staatsgewalten' entstoung hat de Baron de Tornaco hei e Bam geplanzt... Genee gesot ass aus dem Schlasshär sengen1848 hei geplanzte Bouturen rapid eng schéi Wäissweid gewuess! Den Uewerfieschter hat 1902 hire Stack-Ëmfang vun 3,24 Meter op Broschthéicht notéiert an der Lann beim Schlass hire mat 5,10 Meter. Wéi d'Schlassgebäi 1950 un d'Escher Gemeng goung fir 5 Millioune Frang (ronn 124.000€) koum e Weesenheem dran. Kanner deenen et virdrun net esou gutt goung goufen elo a Schlassmaueren ëmsuergt.

D'ëmgenannte 'Kannerschlass' gehéiert zënter 1985 dem Staat a bitt en herrlechen Ubléck. Haut ass de 'Centre Virtuel de la Connaissance sur l'Europe' dran. - Sanem ass d'Ofkierzung vu Sassenheim wat eng Zort Homonym huet mat Sassmannshausen a Nordrhein Westfalen an e 'Namensvetter' an Holland. An 't fängt iwweregens mat deene Buchstawen un mat deenen den Elsass ophält, e Numm dee Sass(e) mat Insasse erkläert an deen op 'Edelsitz' baséiere soll.


Den ongekierzten Artikel fannt Dir hei:
http://www.tessyglodt.lu/page/sanem.html


Fotos: Archiv LW (Archives LW/La Voix, Guy Jallay, Maurice Fick, Nathalie Rovatti, Serge Waldbillig)