GENERALVERSAMMLUNG FRAEN A MAMMEN SCHIEREN MAT SCHECKIWWERRECHUNGEN

19
Apr
2024
19 Apr

Wéi all Joer hunn sech d‘ Membere vun de d’ Fraen a Mammen vu Schieren fir hier Generalversammlung getraff. D’Presidentin Henriette Mathias-Lutgen konnt vill Memberen, den Här Buergermeeschter mat Vertrieder vum Schäffen- a Gemengerot esou wéi d’Vertrieder vun de lokale Veräiner begréissen, an och d’Vertrieder vu verschiddenen Associatiounen.

No hire Wëllkommsgréiss a Wierder vu Merci vun der Presidentin un de Comité fir hiert Engagement a fir Alles wat am leschte Joer geleescht gouf, ass och un di verstuerwe Memberen vun der Sektioun geduecht ginn. Den Tätegkeetsbericht war wéi ëmmer, ganz ausféierlech an huet bewisen, dat déi Schierener Sektioun bei villen Aktivitéiten iwert dat ganzt Joer gefuerdert war. Dorënner waren ënnert anerem: eng grouss Kaffisstuff, Eisekuche baken am Cactus, Ausfluch op Falkenburg a Maastricht, Chrëschtfeier fir d’Memberen. Vum 03. Bis den 20.12. goufe vill Kichelcher gebak, fir duerno ze verkafen. De 24.12 gouf no de Chrëscht-Mëtten e gudde Glühwäin offréiert.

Aus dem Keesebericht goung ervir, dass déi finanziell Situatioun gesond ass.

Déi vill Méi war net ouni Resultat. Sou konnten d’ Fraen a Mammen vu Schieren och dëst Joer nees gläich e puer Schecken fir zesummen 12.000,- € fir de gudden Zweck stëften.

D’Keeserevisoren hunn d’Exaktheet vun der Comptabilitéit confirméiert.

Bis elo haten d’Fraen a Mammen Schieren nach keng eege Statuten. Fir awer vis-à-vis vun dem neie Gesetz vun der ASBL konform ze sinn, goufe Statuten opgesat, déi dunn an der Generalversammlung vun de Memberen eestëmmeg ugeholl goufen.

No der Usprooch vun dem Här Buergermeeschter Jean-Paul Zeimes, deen de Merci vun der Gemeng ausgedréckt huet fir d’Engagement vum Veräin, an d’Ënnerstëtzung vun der Gemeng ugebueden huet, huet d’Dekanats-Vizepresidentin déi gutt zesummen Aarbecht ënnert den Nopesch Veräiner begréisst a betount, dass et wichteg ass, een deem aneren ze hëllefen an ze ënnerstëtzen.

Och huet Pastoralreferentin Véronique Feller e grousse Merci am Numm vun der Pastoralequipe vun der Par Ettelbréck ausgedréckt.

Duerno konnten d'Vertrieder vun de siwen Associatiounen déi en Don kruten, hier Organisatioune kuerz virstellen, wou si erkläert hunn wat elo mat mat de Spenden geschitt. Et waren dat: d’Stëmm vun der Strooss 1.000,-€, Wonschstär 1.000,-€, Oeuvres de St. Vincent de Paul 1.000,-€, Alan-maladies rares 2.000,-€, Sourire pour Haïti 2.000,-€, Brasilux 2.000,-€ an APEMH 3.000,-€

Bei engem gemittlechen Zesummesinn ass den Owend mat engem gudde Patt a gudde Maufel ausgeklongen.

De Comité sëtzt sech zezummen aus:

Presidentin: Henriette Mathias-Lutgen

Vizepresidentin: Eliane Giulioni-Reding

Sekretärin an Tresorière: Irma Feipel-Lickes

Memberen: Liliane Fuchs-Garson a Monique Ley

Keeserevisorinnen sinn: Marcelle Jeanpierre a Christianne Reiter