GENEREIS SPENDEN VUN DE FRAEN A MAMMEN VU SCHIEREN VU 16.000,-€

Viru kuerzem hunn d’Fraen a Mammen vu Schieren op hir 52. Generalversammlung invitéiert.

No der Begréissung vun der Presidentin, gouf an enger Gedenkminutt un déi verstuerwe Memberen geduecht. D’Presidentin huet begréisst, dass, nodeems dat lescht Joer 4 laangjäreg Comitésmemberen hir Retraite geholl hunn, elo awer 3 nei Dammen dem Comité bäigetruede sinn, an huet hinnen e grousse Merci ausgedréckt. Sie wär och frou, wann nach eng oder aner Damm sech géif mellen, fir aktiv am Comité mat ze schaffen.

Och an der Zukunft wäerten d’Fraen a Mammen vu Schieren mat der Sektioun vun Ettelbréck zesumme schaffen, ouni awer hir Eegestännegkeet ze verléieren.


An hirem Bericht huet d’Sekretärin déi folgend Aktivitéiten vun 2022 presentéiert:

- den 21.Mäerz huet d’ACFL Schieren d’Jousefsfeier fir d’Fraen a Mammen aus de

Paren Dikrech an Ettelbréck organiséiert. Den Här Dechen Martin Molitor huet eng

schéi Mass gehal an iwwert den hl. Jousef gepriedegt. No der Mass goufen

d’Dammen an d’Hären am „Alen Atelier“ mat engem Bréitchen an engem Stéck Taart

verwinnt.

- den 10. Abrëll war et, wéi et schonns jorelaang op Pällemsonndeg de Brauch ass, déi

traditionell Kaffisstuff, wou Owends eng gutt Assiette zerwéiert gouf.

- d’Generalversammlung gouf den 24. Mee ofgehal, mat zwou Scheckiwwerreechungen,

een vun 8.000,- € fir d’Ukrain an een vun 2.000,-€ fir den Televie.

Déi 4 Dammen déi aus dem Comité ausgetruede sinn, kruten eng schéi Corbeille

geschenkt.

- de 15. Juni stoung en Ausfluch vun de Fraen a Mammen vun Ettelbréck a Schieren op

Chevetogne an Dinant um Programm. Als Ofschloss gouf Owends am Restaurant

Pommerlach zu Nuecht giess.

- den 9. Juli war eng kleng Feier mat Mëttegiessen, als Merci fir déi Dammen, déi all déi

Joren beim Veräin gehollef hunn an d’ACFL Schieren ënnerstëtzt hunn.

- de 26. November gouf op der Chrëschtfeier e gutt Mëttegiessen zerwéiert, et gouf eng

schéin Tombola verloust, an zum Schluss huet jiddereen e klenge Cadeau kritt.

- de 24. November hunn d’Fraen a Mammen no de Chrëschtmetten de Glühwäin

offréiert.


De Keesebericht virgedroen vun der Caissière huet bewisen, dass d’Fraen a Mammen gutt geschafft, an doduerch vill Geld gesammelt hunn. D’Keeserevisoren hunn d’Exaktheet vun der Comptabilitéit confirméiert a wëllen hiert Mandat als Revisoren och weiderhin ausféieren.


Den Buergermeeschter Eric Thill, deen der Generalversammlung leider net konnt bäiwunnen, huet duerch den Schäffen Camille Pletschette d‘Wuert un d'Fraen a Mammen riichte gelooss, an huet am Numm vun der Gemeng dem dynamesche Comité e grousse Merci an e grousse Respekt ausgedréckt, fir all dat, wat an all deene Joren geschafft gouf. E grousse Luef fir all déi vill Spenden déi sech bis elo em 300.000,-€ chiffréieren. Mat der Erneierung vum Comité wënscht d’Gemeng, dass de Veräin och an Zukunft esou weider fiert an huet verséchert, dass d’Fraen a Mammen op déi logistesch a finanziell Ënnerstëtzung kënnen zielen.


Den Här Paschtouer Romain Richer huet de Fraen a Mammen och e grousse Merci ausgedréckt a vermierkt, dass si sech mat Häerz a Séil engagéieren. Hien huet och der Gemeng Merci gesot fir hir Ënnerstëtzung an huet verséchert, dass d’ACFL Schieren och op d’Ënnerstëtzung um pastoralen Niveau ziele kann. Vill Courage fir d’Zukunft huet hien den Dammen gewënscht, dass si sech géigesäiteg vertrauen an een deem aneren hëllefen, fir dass si weiderhin kënne vill gutt Wierker maachen fir deene Leit ze hëllefen, deenen et net esou gutt geet.


Zum Ofschloss kruten 6 verschidden Associatiounen e Scheck iwwerreecht:

Multiple Sclérose 5.000,-€

APEMH 3.000,-€

Wonschstär 2.000,-€

Wonschkutsch 2.000,-€

Een Häerz fir kriibskrank Kanner 2.000,-€

Médecins du Monde 2.000,-€

Et war impressionnant ze héieren, wat déi verschidden Associatiounen alles zum Wuel vu benodeelegte Persounen leeschten.


Als flotten Ofschloss war et nach e gemittlecht Zesummesinn mat engem klenge Maufel an engem gudde Pättchen.


De Comité sëtzt sech sezummen aus:

Presidentin: Henriette Mathias-Lutgen

Sekretärin an Tresorière: Irma Feipel-Lickes

Memberen: Liliane Fuchs-Garson

Eliane Giulioni-Reding

Monique Ley

Keeserevisorinnen sinn: Marcelle Jeanpierre a Christianne Reiter