SCHIEREN, KONVENIAT VUM JOERGANG 1955

Op Aluedung vum Astrid Hentges a vum Monique Ley hu sech
den 22.8.2015 d’Komeroden vum Joergang 1955 getraff.

Nodeem dass d’Equipe vum Buergermeeschter a vum éischten Schäffen
begréisst ginn ass, stoung d’Visite vun der neier Schoul um Programm.
Vill Detailer kruten mir matgedeelt, wat an der Gemeng Schieren vu
Projeten realiséiert goufen an wat nach geplangt ass.
No deser Visite kruten mir en gudden killen Pättchen an der Gemeng
Offréiert.

Bei engem genësserlechen Mëttegiessen zu Ierpeldeng goufen
vill Erënnerungen opgefrëscht.

Am Nomëtteg hu mir eng Gedenkminutt fir ons 6 verstuerwen
Schoulfrën um Schierener Kirfecht ageluecht.

Dëse flotten Dag ass am spéiden Nomëttech bei engem gudde Patt
zu Enn gaang mat dem Verspriechen, sech an zwee Joer nees
erëmzegesinn, dat an der Hoffnung, mat deenen Schoulkomeroden
ze feieren, déi dëst Joer leider net konnten derbäi sinn.