D‘Chorale Caecilia vu Schieren sicht nei Sänger a Sängerinnen

D‘Chorale Caecilia vu Schieren huet viru kuerzem seng 85. Generalversammlung ofgehalen.

No der Begréissung vum President Jean-Paul Meisch gouf eng Gedenkminutt fir déi verstuerwen Memberen ageluecht. A senger Usproch huet de President alle Sängerinnen a Sänger, esou wéi och der Dirigentin, den Organisten an dem Comité Merci gesot fir hiren Asaatz. E Merci goung och un d‘Gemeng fir déi finanziell an all aner Ënnerstëtzung.

Den Aktivitéitsrapport gouf vun der Sekretärin Margot Majerus virgedroen.

34 Prouwen, 25 Massen, 4 Begriefnesmassen, dRadiosmass an e weltleche Concert zesumme mat der Chorale vun Ierpeldeng stoungen am Joer um Programm. En Highlight war en Ausfluch vu 5 Deeg a Bayern. Och de Concert National ënnert dem Patronat vum Piusverband, organiséiert vun der Kulturkommissioun vu Schieren mat Ënnerstëtzung vun der Chorale Caecilia, den 11.11.2018 zu Schieren an der Kierch, war e groussen Erfolleg. Et hu gesongen Membren aus de Chorallen Colmar-Bierg, Ettelbréck, Feelen a Mäerzeg, vun de Feierowendsänger an aus der Chorale Schieren, dëst ënnert der Leedung vum Här Jean Gehlen, Dirigent zu Ettelbréck.

Einlagen op der Uergel vum Marc Garson.

D‘Tresorière Maggy Meisch konnt mam Bilan 2018 eng gesond finanziell Situatioun presentéieren, guttgeheescht vun de Keesrevisoren Camille Schartz a Pierre Gillen.

Folgend Sängerinnen a Sänger goufen vum Vertrieder vum Piusverband, dem Här John Düsseldorf ausgezeechent :

10 Joer d‘ Adelaïde Stoffel, 30 Joer d‘Josiane Scholer, a fir 50 Joer de Misch Gross

D‘Medaillen vun der Ugda huet den Här Buergermeeschter André Schmit iwwerreecht :

10 Joer d‘Adelaïde Stoffel, 30 Joer d‘Josiane Scholer a fir 60 Joer de Misch Gross.

Leider ass eisen Effectif nees méi kleng ginn a ganz kloer ass zum Ausdrock bruecht ginn, dass, ouni nei Sänger a Sängerinnen eis Chorale keng 4 stëmmeg Massen oder aner Repertoiren méi ka sangen. Och wär et schued, wa mir an der Zukunft net méi zu genuch Leit wären fir eng schéin Hochzäits- oder Begriefnesmass ze sangen.

De Buergermeeschter huet a senger Ried der Chorale och weiderhin d‘Ënnerstëtzung vun der Gemeng zou gesot, an den Europa-Deputéierten Charel Goerens huet der Chorale verséchert, dass hien versicht Leit ze motivéieren, fir dass sech bei eis an de Veräin ze mellen.

Dofir e waarmen Appell un all Leit a Jugendlech déi gären sangen, kommt bei eis an d‘Chorale. Eis Prouwen sinn Donneschdes Owends um 18 :00 Auer. Dir kënnt iech och bei engem vun eise Comitésmemberen mellen, mir kommen iech gäre sichen.

Virgesinn ass och dëst Joer e weltleche Concert am Juli esou wéi ee Paëllaowend am Oktober.

De Comité besteet aus folgende Memberen : President – Jean-Paul Meisch, Sekretärin – Margot Majerus, Caissière – Maggy Meisch, Memberen – Marga Blasius, Eliane Giulioni, Monique Ley, Francine Schaillie, Jules Wagener

Foto an Text: Monique Ley