CONCERT NATIONAL ZU SCHIEREN

Concert National 11.11.18

D’Kierch vu Schieren hat bal net genuch Plazen fir all d’Leit, déi Sonndes den 11. November 2018 de Concert National lauschtere komm sinn. D’Chorallen vun de Gemengen Colmar-Bierg, Ettelbréck, Mäerzeg, Schieren a Feelen hunn zesummen mat der Ënnerstëtzung vun de Feierowendsänger vu Colmar-Bierg ënnert der Leedung vum Dirigent Jean Gehlen Lidder vun de Komponisten Joseph Haydn an Andrew Llyod Webber gesongen. Wärend den éischten Deel méi feierlech war, konnte en bei de bekannte Kompositiounen vum Andrew Llyod Webber – ënnert anerem „Jesus Christ Superstar“ bal matsangen. D’Sängerinnen an Sänger waren festlech ugedoen, an och déi Schierener Kierch war am vorweihnachtlichen Stil dekoréiert. Organiséiert gouf dat exzeptionellt Evenement vun der Kulturkommissioun vu Schieren, déi de Chorallen, dem Dirigent, dem Pianist Jean Hilger, der Gemeng an dem Piusverband villmools Merci seet.

Text: Laura Caregari Photo: Jerry Schlentz