1 Mee an der Gemeng Fëschbech

Den 1. Mee an der Gemeng Fëschbech ass ëmmer ganz flott. Den Theaterveräin geet ewéi all Joer op Fëschbech op de Weier fëschen, wou virun Mëtteg de Club des Jeunes dann och hire Meekranz laanscht bréngt. Zu Schous ginn d'Wiichtelcher an de Spuerveräin an de Bësch e Kranz maachen fir en beim Veräinshaus opzehänken. Hei hunn d'Wiichtelcher mëttes dann och hir Generalversammlung ofgehalen. Kränz konnten moies bei drechenem Wieder gemeet ginn, esouguer ee Meekäffer wor mat um Rendez-vous. Mëttes huet et allerdings geschott ewéi mat Eemeren.