"Hei kommen déi Schéisser Jongen, d'Héicht eragesprongen...." - Buergbrennen 2014

Nodeems e Samschden zu Fëschbech Buerg vun de "Markoleven" gebrannt gouf wor et um Buergsonndeg un Angelsbierg a Schous fir hier Buerg ze brennen.

Zu Angelsbierg huet traditionell de Club des Jeunes Buerg opgeriicht an zu Schous woren et "Wiichtelcher". Um 9.30 Auer hu sech d'Wiichtelcher zu Schous beim Veräinshaus getraff fir Stréi an e Bam sichen ze fueren. Eng ganz grouss Jugendequipe wor dëst Joer mat derbäi, a bei deem wonnerschéine Wieder wor et eng Freed mat um Trakter ze fueren.

Nodeems Buerg moies gebonnen wor as et an Veräinshaus op de Kascht gaangen, eng gutt Paschtéitchen huet do op eis gewaart. Nom Kaffi ass Buerg dunn opgeriicht ginn. E ganz traditionellt Kräiz just aus Dännenholz a Stréi. Och eis Kanner haten hir Buerg fäerdeg. Duerfleit sinn natierlech am Nomëtten eis Buerg bewonnere komm. No der Gruppefoto sinn Männer mat hirem flotte Lidd ophiewen gaangen . Um 19.30 Auer hunn 4 "nei Schéisser" Buerg ugefangen. An als Ofschloss ass eng lecker Omelett am Veräinshaus servéiert ginn, natierlech ewéi ëmmer gratis (mir woren jo Eeër an Suen ophiewen). Well et geet ëm zesumme sinn an d'Integratioun, an och dëst Joer woren nees vill nei Gesiichter bei der Buerg derbäi, eben eng richteg Duerftraditioun fir jiddereen.