Traditiounen héich halen - e Buergbrennen ewéi fréier!

An der Gemeng Fëschbech gi Traditiounen héich gehalen, an dozou zielt och e richtegt Buergbrennen. Zu Schous konnt haut all Awunner um Buergbrennen deelhuelen. Déi Schéisser Wiichtelcher haten um 9.30 Auer beim Bau Leit zesummegeruff. Als éischt ass am Bësch de Bam ëmgeluecht ginn an Kanner si mam Trakter Botte siche gefuer. (Merci eise Baueren am Duerf, déi eis all Joer Stréi zur Dispositioun stellen). Wei alles op der Héicht loung ass et natierlech direkt mam banne lassgaangen. Eng Kannerbuerg an eng Grouss Buerg. Dëst Joer esouguer eng Mini-Buerg vun de Kanner. Fir Mëtteg si mer all zesummen an Veräinshaus gaangen fir eis eng gudd Paschtéitchen schmaachen ze loossen. Nom Dessert ass d'Buerg fäerdeg opgeriicht ginn a mir sinn duerch Duerf ophiewen gaangen. Ewéi all Joer, Eeër, Suen an och deen een oder anere Pätschen resp. Drëppchen. Um Punkt hallwer Aacht huet eis nei bäigezunne an och lescht bestueten Koppel, d'Sandra an de Luc, d'Buerg ugestach. De Wee bei d'Buerg wor dëst Joer mat flotte schwedesche Feieren beliicht. Als Ofschloss vum Owend wor d'ganzt Duerf invitéiert e Patt drénken an eng lecker Omelette op d'Héicht iessen ze kommen.
An esou ewéi d'Wieder sech haut gewisen huet, moies Niwwel a mëttes kloren Himmel mat Sonneschäin, kéint eis Buerg evtl de Wanter verdriwwen hunn!?!