Bestehend Infrastrukturen a nei Gebaier



3.B e s t e h e n d I n f r a s t r u k t u r e n a n e i G e b a i e r

Mir wëllen eng Bautekommissioun schafen, déi als Objet huet :

- en Avis iwwer d'PAPen ze formuléieren,

- Virschléi fir eng harmonesch Entwécklung vun de Lotissementer an neie Konstruktiounen auszeschaffen déi an d’Gesamtbild vun den Dierfer aus der Gemeng passen,

- Recommandatiounen auszeschaffen, déi eng besser Organisatioun vun de Chantiere virgesäit an déi d’Interessie vun den Ustéisser respektéiert.

Mir engagéieren eis fir :

- d'Sécherheet an den ëffentleche Gebaier ze verbesseren,

- e Projet auszeschaffen, deen d’Méiglechkeet vun engem Liewens-mëttelgeschäft an der Gemeng virgesäit,

- d’Infrastrukture fir de Service Technique an d’Pompjeeën op de Stand vun enger Gemeng a voller Expansioun unzepassen.