Gemengefusioun



5.G e m e n g e f u s i o u n

Vun 2005 un ass d’Fusioun e wichtegt Uleies am Gemengerot gewiescht, wuel wëssend, dass vun der Gemeng ëmmer méi Servicer gefrot géinge ginn, muncher och vum Staat verlaangt, déi Käschten opwenneg sinn.

Mir engagéieren eis, d’Fusiounsgespréicher weider ze féieren, fir eng Fusioun déi am Interêt vun eiser Gemeng muss sinn an eis erlaabt :

- d’Autonomie vun den Decisiounen an der Gemeng ze erhale fir déi ëmmer méi heefeg an deier Servicer un de Bierger ze garantéieren (d’Servicer gi vun der Gemeng ugebueden, an net vun engem onofhängege Syndikat),

- eis Positioun an de Verhandlunge mam Staat ze stäerken,

- déi noutwenneg finanziell Mëttelen ze hunn, fir schoulesch, kulturell a sportlech Infrastrukture kënnen ze finanzéieren.

Mir wäerten d’Bierger aus der Gemeng regelméisseg iwwer d’Fusioun informéieren.

D’Bierger kréien d’Méiglechkeet, hir Zoustëmmung iwwer de fäerdege Fusiounsprojet duerch e Referendum ze ginn.