Informatiounspolitik


Eis Gemeng huet an de leschte Joeren a wichteg Projeten investéiert: eng Crèche, d’Schafung vun enger Zone artisanale, d’Neifaassung vun eise Quellen, eng Kläranlag zu Dondel sou wéi d’Restauratioun vun eisem Gemengenhaus. All dës Projeten droen zur Verbesserung vun der Liewensqualitéit vun eise Bierger bäi.

Fir eis Gemeng an Zukunft dynamesch a modern ze gestalten, wëlle mir besonnesch op déi folgend Punkten Akzenter setzen :

1.I n f o r m a t i o u n s p o l i t i k

Mir engagéieren eis fir eng konkret Informatiounspolitik fir eis Bierger,
an dem mir :

- all Joer eng Informatiounsversammlung organiséieren, an där de Gemengerot e
Réckbléck iwwer d'Joer mécht, déi zukünfteg Projete presentéiert, wou all
Bierger seng Froe stellen an seng Virschléi ausdrécke kann,

- en Internetsite schafen, wou d’Bierger sech wichteg Informatiounen iwwer
d’Liewen an der Gemeng kënne besuergen
(Schoul, Gemengen- a Sozialservicer, …),

- de Gemengebuet weiderféieren an erweideren,

- eng Méiglechkeet schafen, wou d’Bierger informatesch mat de Gemenge-
servicer, an och mam Gemengerot, kënne kommunikéieren.