Erneierbar Energien, Natur- an Ëmweltschutz



2.E r n e i e r b a r E n e r g i e n, N a t u r - a n Ë m w e l t s c h u t z

Mir engagéieren eis fir eng modern Gemeng déi hir natierlech Reserven notzt an d’Ëmwelt erhält, op d'Bedierfnesser vun de Bierger ageet ouni déi vun den zukünftege Generatiounen ze gefärden, an deem mir :

- d'Gemengegebaier un d'Energiestandarden adaptéieren an dobäi d'erneierbar Energië favoriséieren,

- d'Bevëlkerung fir eng rationell Notzung vun de natierleche Ressourcë sensibiliséieren an informéieren (Photovoltaik, thermesch Solaranlagen esou wéi eng raisonnabel Notzung vum Waasser),

- d’Landschaften an Zesummenaarbecht mat de Baueren a Proprietairen opwäerten (Natur a Fräizäit, Schafe vu Biotopen),

- d’Biotopen an Aarte schützen, am Kader vum Nationale Plang fir de Schutz vun der Natur.